
D'amerikanesch Regierung dierf Migranten, déi an den USA keen Asyl kréien, bis op Weideres awer an aner Länner expulséieren ewéi déi, aus deene se kommen. Dat huet dat amerikanescht Verfassungsgeriicht, de Supreme Court, decidéiert. Dat iewescht amerikanescht Geriicht huet awer och matgedeelt, dass ee sech am Dezember am Detail mat der Saach wäert befaassen.
Mat dëser Decisioun kënnt de majoritär konservative Supreme Court enger Demande vum amerikanesche Justizministère no a geet domat géint d'Decisioun vun engem Bundesriichter, dee sot, dass Leit, déi expulséiert ginn, d'Méiglechkeet net hätten ze beleeën, ob si an deene Länner a Gefor sinn oder net.
Am Laf vun de leschten zwielef Méint sollen iwwer 29.000 Leit an 29 Länner expulséiert gi sinn. Deels op Plazen, zu deene se bis ewell iwwerhaapt kee Bezuch haten, kritiséiere Mënscherechts-ONGen.
D'US-Regierung verdeedegt hiert Virgoen a bezeechent dat Ganzt als wichtegen Deel vun hirer Awanderungspolitik.