
An Däitschland fuerderen eng Rei Ministerpresidenten a -presidentinnen virun der Bund-Länder-Konferenz, dass net méi just op den Inzidenz-Wäert gekuckt gëtt, fir Moossname géint d’Ausbreedung vum Coronavirus ze huelen.
D’Regierungscheffe vun Niedersachsen a Bremen hunn zum Beispill gesot, dass méi dorop sollt opgepasst ginn, wéi ausgelaascht de Gesondheetssystem ass.
Et missten nei Parameter fonnt ginn, fir d’Lag kënnen anzeschätzen an der Pandemie Meeschter ze ginn.
Ähnlech huet sech och de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen an CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet ausgedréckt.
An der leschter Ligne Droite virun de Walen an Däitschland am September huet den Armin Laschet sech och dogéint ausgeschwat, dass net-geimpfte Leit aus dem ëffentleche Liewen ausgeschloss ginn.
“Wien en aktuellt negatiivt Corona-Testresultat virweise kann, deen dierf de Staat net vun der Participatioun um gesellschaftleche Liewen ausschléissen”, esou de Laschet der “Bild am Sonntag”.
Déi nächst Bund-Länder-Konferenz, déi an Däitschland decisiv fir déi weider Corona-Bestëmmunge wäert sinn, ass en Dënschdeg.
