
D’Restriktiounen a Frankräich gi vun e Samschdeg u méi streng. D’Reegelen, déi bis ewell fir déi 19 schlëmmst vu Covid-19 betraffen Departementer gezielt hunn, goufe fir ganz Frankräich erweidert – et gëllt e partielle Lockdown.
D’Lycéeën, Schoulen a Crèchë gi fir 3 Wochen zougemaach. D’physesch Rentrée ass op de 26. Abrëll geréckelt ginn. Fir Schüler aus dem Lycée op den 3. Mee. Vun nächster Woch u gëllt den Homeschooling an e Student op der Universitéit dierf maximal 1 Dag an der Woch d’Gebaier vun der Schoul besichen.
Deplacementer tëscht de Regioune bleiwen iwwert den Ouschterweekend erlaabt. Soss gëllt awer eng Ausgangsspär tëscht 19 a 6 Auer an et dierf ee sech maximal 10 Kilometer vun Doheem ewech distanzéieren.

A Frankräich gëllt den aktuellen 11-Stonne-Couvre-feu schonn zanter dem Ufank vum Joer. Non-essentiell Butteker sinn opbliwwen, Theateren, Restauranten a Caféen hunn hir Dieren awer missen zou behalen.
Et géif een hoffen, esou de franséische President Emmanuel Macron, datt vu Mëtt Mee un d’Land nees lues a lues kann opgemaach ginn. Do inclus wiere kulturell Institutiounen an d’Terrasse vum Horesca-Secteur.
Déi aktuell Zuelen aus den Intensivstatiounen a Frankräich si méi héich ewéi wärend dem Héichpunkt vun der 2. Infektiounswell am November d’lescht Joer. Knapp iwwer 5.000 Persoune sinn an der Reanimatioun. 95.000 Persounen hunn d’Infektioun am Hexagon bis ewell net iwwerlieft.
12,3% vun der Populatioun, also 8,2 Millioune Leit, hunn hir éischt Impfung a Frankräich kritt. Fir déi nächst Phas vun der Impfcampagne, spezifesch fir Patienten, déi den AstraZeneca oder den Johnson&Johnson Vaccin kréien, soll d’Garde professionelle agesat ginn, fir de Prozess unzekuerbelen. Fir d’Vaccine vu Pfizer a Moderna gi 1.700 nei Impfzentren ageriicht.
De franséische President Macron versprécht iwwerdeems, datt bis Enn vum Summer jiddereen iwwer 18 Joer, dee wëll geimpft ginn, och geimpft ass.
D’Assemblée nationale huet dann en Donneschdeg déi nei Mesuren ugeholl, dat mat 348 Jo- an 9 Nee-Stëmmen. Allerdéngs hat bal déi ganz Oppositioun de Vott boykottéiert, well et eng “Maskarad” wier. En Donneschdeg de Mëtteg stëmmt och nach d’Senat iwwert den neie Lockdown of, do deit sech schonn dee selwechte Boykott-Zeenario un.