De Countdown leeftRonn 60,4 Millioune Walberechtegter sinn opgeruff an Däitschland ofzestëmmen

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne virun de Bundestagswale sinn d'Spëtzekandidate vun Union, SPD an FDP e Samschdeg nach emol op d'Juegd no Stëmme gaangen.
De leschten Dag virun de Bundestagswalen
De Countdown leeft, ronn 60,4 Millioune Walberechtegter mussen e Sonndeg an Däitschland ofstëmmen.

Den Armin Laschet (CDU) an den SPD-Kandidat Olaf Scholz sinn an hire jeeweilege Walkreesser opgetrueden, den FDP-Chef Christian Linder zu Köln an Düsseldorf. Déi gréng Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock hat e Samschdeg keng offiziell Walkampf-Rendez-vouse méi.

Ronn 60,4 Millioune Walberechtegter sinn e Sonndeg opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. Vill Wielerinnen a Wieler hunn awer scho virdrun hir Kräizer gemaach: Och wéinst der Corona-Pandemie gëtt en neie Bréifwal-Rekord erwaart.

An de leschten Ëmfroe louch d’SPD knapp virun der Unioun. Hannendru kommen déi Gréng. Bei der FDP deit et op en zweestellegt Resultat hin.

Fir eng éischte Kéier zanter 1957 kéint an Däitschland eng Dräierkoalitioun néideg sinn, fir déi néideg Majoritéit z’erreechen. Am Ganze sti 47 Parteien zur Wiel, gewielt gëtt an 299 Walkreesser.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO