E rénge Kommunikatiouns System, mat Sëtzt an der Belsch, deen d’Transaktiounen automatiséiert. Deen awer selwer d’Geld net hin an hier schéckt. 2021 goufen 42 Millioune Messagen den Dag gezielt. Dat tëscht iwwer 200 Staaten.
Et ass aus dësem System, wou elo déi grouss Russesch Banken ausgeschloss ginn.
“Ouni Swift wäerten déi betraffe Banken kaum nach kennen Finanztransaktiounen um Weltmaart maachen. Domat blockéiere mer och gréisstendeels russesch Exporter an Importer. Zweetens: Mir wëllen de Putin drun hënneren seng staatlech Reserven an ze setzen, fir de Krich ze finanzéieren. Dofir wäerte mer d’Verméigen vun der Russescher Zentralbank blockéieren”, sou Presidentin vun der EU Kommissioun, Ursula Von der Leyen, gëscht Owend spéit zu Bréissel.
Et geet also kloer deem Russland vum Internationale Finanzsystem a Wirtschaftlech z’isoléieren. De Franséische Finanzminister Bruno Le Maire huet ugangs der Woch, des Wieder benotzt: “Wann een eng Finanz-Atomwaff an den Hänn huet, dann iwwerleet een iert een se asetzt.”
Gëscht Owend, kuerz no 11 Auer woren sech net just d’Europäer, ma och den Amerikanesche President Biden, de Kanadesche Premier Trudeau an de Brittesche Premier Johnson éenz, Swift als Wirtschafts-Waff an ze setzen. Mat ouni Zweiwel Impakt op de Rubel. Awer och op Gas a Pëtrols Exporter. Eng 3t Sanktioun trëfft prézies d’Oligarchen. Russland kéint 5% vun sengem PIB verléieren. 2021 war Swift éischt kéier am Kader vu Sanktiounen Vis à Vis vum Iran als Wirtschafts-Waff agesat ginn.
“Mat all dëse Sanktiounen maache mir et dem Putin méi schwéier säin Krich géingt d’Ukrain ze finanzéieren. a mir ënnerhillegen lues a lues d’Fundamenter vun der russescher Wiertschaft”, sou d’Ursala Von der Leyen.
Do réckelt d’Nouvelle, dat ëmmer méi Europäesch Staaten hire Loftraum fir Russesch Fliger zou maachen, scho bal an den Hannergrond.