Op Uerder vum Lukaschenko?Ryanair-Maschinn gouf gezwongen ze landen a Blogger gouf verhaft

RTL Lëtzebuerg
Belarus huet de Regierungskritiker Protasewitsch festgeholl, nodeems d'Maschinn an där hie souz gezwonge gouf zu Minsk ze landen.

Virwand um Vol vun Athen op Vilnius a Litauen, war eng angeblech Bomme-Menace. Eng Bomm gouf bei der Landung zu Minsk net fonnt, ma de Protasewitsch gouf awer bei der Sécherheetskontroll du festgeholl.
E belarussesche Militärfliger hat d’Passagéiermaschinn vu Ryanair ofgefaangen an zu enger Landung an der belarussescher Haaptstad gezwongen, mellt d’Noriichtenagence Belta.

De President Lukaschenko perséinlech hätt deen Uerder ginn, well et eng Meldung vun explosive Stoffer am Fliger ginn hätt. Sou Produite goufe wéi gesot net fonnt. Vertrieder vum belarussesche President bestätegen, dass e Kampffliger vum Typ MiG-29 gestart ass, fir de Ryanair-Fliger ofzefänken.

De Blogger Roman Protasewitsch informéiert iwwert de Kanal Nexta um Messaging-Service “Telegram” an zielt zu de wichtegste Quelle vun der Oppositioun. Hie gouf vu Belarus op d’Lëscht vun de Leit mat terroristeschen Aktivitéite gesat, a gouf deemno och gesicht.

Kritik u Verhaftung

D’Ursula Von der Leyen huet an engem Tweet gefuerdert, dass ALL d’Passagéier misste weider kënnen op Vilnius fléien. Et wier inakzeptabel, dass d’Ryanair-Maschinn gezwonge gi wier zu Minsk ze landen. Eng Violatioun vum internationale Loft-Transport-Recht misst Konsequenze mat sech zéien.

De litauesche President Gitanas Nauseda huet d’Fräiloossung vum Protasewitsch gefuerdert. “Et wier e Virfall deen et esou nach ni ginn hätt, an d’Regierung vu Belarus géif dohannert stiechen”, esou seng Noriicht op Twitter. Hie fuerdert d’Nato an d’EU op op deen Tëschefall ze reagéieren. Hien huet versprach, dat Thema e Méindeg um EU-Sommet unzeschwätzen.

Kritik kënnt och vun der Oppositiounsleaderin Swetlana Tichanowskaja, déi am Exil lieft. D’Regierung vu Belarus hätt d’Landung vun der Maschinn erzwongen, huet Si op Twitter geschriwwen. A sengem Heemechtsland géif hien elo d’Doudesstrof riskéieren.

Back to Top
CIM LOGO