
Wéinst dem Lockdown wëll d’Saarland Reklamme verbidden, déi net dem alldeegleche Bedarf oder der Grondversuergung déngen. Geldstrofen an Héicht vun 1.000 bis 10.000 Euro sinn am Fall vun engem Verstouss virgesinn.
Wéi et heescht, hätt ee festgestallt, datt Geschäfter, déi konnten opbleiwen, hir Schwéierpunkte falsch gesat hätten an datt se net fräiwëlleg op Reklamme fir net-essentiell Produkter verzicht hätten. Dat géing derzou féieren, datt méi Clientë kéimen an dat wier net solidaresch vis-à-vis vun deenen, déi mussen zouhunn, heescht et aus dem Wirtschaftsministère zu Saarbrécken. En Dënschdeg soll de Projet duerch de Regierungsrot, sou d’Wirtschaftsministesch Anke Rehlinger.
