Etüd aus den USASars-CoV-2 existéiert méiglecherweis schonn zënter Oktober 2019

RTL Lëtzebuerg
Dëst géif heeschen, dass de Corona-Virus scho Méint virun den éischten ëffentleche Fäll existéiert huet.

Fir dëst erauszefannen, hunn US-Fuerscher e puer e puer Methode matenee kombinéiert, dat baséierend op enger Rechnung vun engem Modell, deen d’Zäit tëscht Mëtt Oktober a Mëtt November 2019 als Kader hëllt.

D’Resultater vun den Universitéiten zu San Diego an Arizona goufen an der wëssenschaftlecher Fachzeitung “Science” publizéiert.

Deen éischte gréisseren Ausbroch vum Corona-Virus gëtt zwar mat engem Fëschmaart zu Wuhan a China Enn Dezember 2019 a Verbindung bruecht, ma et wier awer onwarscheinlech, dass dëse Cluster um Marché den Ufank vun der Pandemie duerstellt, well Covid-19-Fäll vun Ufank Dezember un kee Lien mat Wuhan hätten, esou d’Fuerscher.

Fir d’Opkomme vum Virus ze bestëmmen, goufen ënnert anerem Mutatioune vu Viren analyséiert a réckwierkend den Ursprongsdatum definéiert. Betount gëtt vun den Experten den däitlechen Afloss vu Superspreader-Eventer, mat enger héijer Unzuel un Infektioune mam Coronavirus, duerch déi d’Epidemie sech méi séier konnt entwéckelen an och esou Ausmoosse konnt kréien.

Back to Top
CIM LOGO