DäitschlandSchnelltester bei Aldi bannent Minutten ausverkaf, Lidl-Homepage zesummegebrach

RTL Lëtzebuerg
Vun dësem Samschdeg de Moien u krut een bei Aldi an Däitschland Corona-Selbsttester ze kafen. Déi waren awer plazeweis scho bannent Minutten ausverkaf.

Sou z.B. um 7.12 Auer um Timmendorfer Strand a Schleswig-Holstein. Vun deem Moment un houng en Ziedel an der Entreesdier, dass keng Tester méi do wieren.

Vun der nächster Wochen un huelen och Butteker wéi DM a Rossmann d’Corona-Tester mat an hir Offer op. Och Lidl, Rewe an Edeka plangen dëst, hunn awer nach keen Datum genannt.

Bei Lidl konnt ee vun dësem Samschdeg de Moien un d’Tester Online kafen, dat fir e Präis vun 21,99 Euro fir eng 5er-Packung, woubäi de Versand gratis war. Den Undrang war sou grouss, dass d’Homepage vu Lidl Däitschland zesummegebrach ass.

Back to Top
CIM LOGO