
Och a Schweden mécht d’Omikron-Variant d’Situatioun fir de Gesondheetssystem ëmmer méi prekär. Vum 14. Januar un gëllen dowéinst an dem skandinavesche Land eng Rei nei Corona-Reegelen. Ariichtunge wéi zum Beispill Caféen a Restaurante musse schonn ëm 11 Auer zou maachen. Just nach sëtzend Gäscht dierfen zerwéiert ginn a Gruppen dierfe maximal aacht Persounen zielen. Och ëffentlech Versammlungen an Events ginn ageschränkt. Wie kann, muss vun doheem aus schaffen.
Schweden kämpft den Ament mat den héchsten Infektiounszuelen zanter dem Ufank vun der Pandemie. D’Situatioun géing déi nei Mesuren néideg maachen, esou d’Premierministesch Magdalene Andersson, déi d’Populatioun nach emol dozou opgeruff huet, sech impfen ze loossen. De Gesondheetssystem géing esou lues u seng Belaaschtungsgrenze kommen. Bis ewell sinn a Schweden ronn 82,2 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer mat zwou Dosisse geimpft.