No Eclat am Wäissen HausSelenskyj geet op Trump duer a proposéiert Wafferou an der Loft an um Mier

RTL Lëtzebuerg
Den ukrainesche President geet nom Eclat am Wäissen Haus d'lescht Woch op den US-President duer an huet säi Bedaueren iwwer de Sträit ausgedréckt.
Selenskyj geet op Trump duer a proposéiert Wafferou an der Loft an um Mier
Den ukrainesche President geet nom Eclat am Wäissen Haus d’lescht Woch op den US-President duer an huet säi Bedaueren iwwer de Sträit ausgedréckt.

“Et ass bedauerlech, datt et esou geschitt ass. Et ass Zäit, d’Saache richteg ze stellen”, schreift de Wolodymyr Selenskyj op X a betount, datt d’Entrevue net esou verlaf ass, wéi se geplangt war.

A sengem Post proposéiert de Selenskyj eng Wafferou, fir eventuell Friddensverhandlungen ze preparéieren. “Mir si bereet, séier ze schaffen, fir en Enn vum Krich, an déi éischt Schrëtt kéinten d’Fräiloossung vu Gefaangenen an eng Wafferou um Himmel sinn - Verbueter vu Rakéiten, Laangstreckendronen, Bommen op Energie- an aner zivil Infrastrukturen - an eng Wafferou am Mier, wa Russland dat Selwecht mécht.” E Fridde sollt ënnert enger staarker Leedung vum US-President Donald Trump zustane kommen a kee wéilt de Fridde méi wéi d’Ukrainer.

Doriwwer eraus huet de Selenksyj erkläert, datt d’Ukrain bereet wier, d’Ofkommes iwwer d’Seelen Äerden a Sécherheet “all Moment an an all gëeegentem Format z’ënnerschreiwen”.

De Selenskyj huet Washington och nach emol Merci fir d’Ënnerstëtzung gesot. “Mir wëssen et wierklech ze schätzen, wéi vill Amerika gemaach huet, fir der Ukrain ze hëllefen, hir Souveränitéit an Onofhängegkeet ze halen.”

D’lescht Woch war et e Freideg jo zu engem historeschen Eclat am Wäissen Haus tëscht den zwee Presidente komm, bei deem den Donald Trump a säi Vize-President dem Selenskyj reprochéiert hunn, net dankbar fir d’US-Hëllefen ze sinn an net genuch Respekt ze hunn. E Méindeg dunn huet den Trump d’US-Militärhëllefe fir d’Ukrain ganz gestoppt.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO