Den US-President a Vizepresident haten dem Selenskyj virun der Press virgeheit, "respektlos" ze sinn an d'Liewe vu Millioune Leit op d'Spill ze setzen.

Den ukrainesche President Selenskyj war zu Washington fir mat sengem amerikaneschen Homolog den Deal iwwert déi seelen Äerden z'ënnerschreiwen. Wärend enger Pressekonferenz am Oval Office sinn den ukrainesche President, den US-Vizepresident JD Vance an de President Trump uneneegeroden. 
Vun deem huet sech den Wolodymyr Selenskyj misse virgeheie loossen, hie géif mat engem 3. Weltkrich spillen.

Ouni d’USA wieren d’Ukrain eleng a géifen dëse Krich direkt verléieren. D’Ukrain misst en Accord mat Russland akzeptéieren, esou den Donald Trump. Den ukrainesche President huet d’Amerikaner iwwerdeems dorun erënnert, datt de russesche President Putin viregt Accorden net agehalen huet. Hien huet de Vizepresident JD Vance invitéiert, an d’Ukrain ze kommen, a sech mat eegenen Aen unzekucken, wat Russland gemaach huet.

Eclat tëscht Selenskyj an Trump
D'Presidente vun der Ukrain an den USA hu sech am Wäissen Haus viru lafende Kamerae gestridden.

De Vize-President JD Vance huet dem ukrainesche President dunn och nach virgehäit, net dankbar ze sinn an du goufen d'Gespréicher ënnerbrach. D'Press huet den Oval Office musse verloossen. Eng knapp Stonn méi spéit huet de Wolodymyr Selenskyj d'Wäisst Haus och verlooss.

Och eng geplangt gemeinsam Pressekonferenz ass ofgesot ginn. Op senger Socia-Media-Plattform "Truth Social" huet et vum Donald Trump geheescht, de Selenskyj wier "net zum Fridde bereet, wann Amerika involvéiert ass, well hie mengt, datt eis Bedeelegung him e grousse Virdeel an den Negociatioune gëtt. Ech wëll kee Virdeel, ech wëll FRIDDEN (...) Hie kann zeréckkomme wann hie prett fir Fridden ass." De Wolodymyr Selenskyj hätt "d'Vereenegt Staate vun Amerika an hirem Oval Office net respektéiert", sou nach den Donald Trump.

An der Ukrain sinn d'Leit entsat. En Deputéierten huet geschriwwen, den Haaptalliéierten hätt live op der Televisioun all d'Relatiounen ofgebrach. Hien hätt keng Wierder dofir. Hie wier sech awer sécher, datt de russesche President Putin sech am meeschten iwwert den Eclat géif freeën.

Iwwerdeems gëtt et e weidere Rapprochement tëscht Russland an den USA: Russland schéckt nees en Ambassadeur op Washington. Dee Poste war zanter engem Joer net besat.

De Sträit huet fir vill  Reaktioune gesuergt: Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio fuerdert de Selenskyj op, sech beim Trump ze entschëllegen. Aus dem US-Senat heescht et dogéint vun demokratescher Säit, den Trump géif, esou wuertwiertlech, "d’Drecksaarbecht" fir de Putin maachen. De Selenskyi selwer betount viru Journalisten, seng Relatioun mam US-President kéint natierlech retabléiert ginn, ma eng Entschëllegung gesäit hien aktuell net.

International Reaktiounen

Staatscheffen op der ganzer Welt hunn entretemps op den Eclat am Wäissen Haus reagéiert.

Sou zum Beispill och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, dee betount huet, datt Lëtzebuerg un der Säit vun der Ukrain steet. D'Ukrain géif fir hir Fräiheet a fir eng international Uerdnung kämpfen, déi op Reegele baséiert. Den ukrainesche President huet dem Luc Frieden, ma och den anere westleche Leaderen, déi hir Ënnerstëtzung zum Ausdrock bruecht hunn, heifir Merci gesot.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet un den ukrainesche President Selenskyj appelléiert, staark, couragéis an ouni Angscht ze bleiwen. Et géif ee weider mat him zesummeschaffen, fir Fridden z'erreechen, esou d'Von der Leyen um Kuerznoriichtendéngscht X.

De franséische President Emmanuel Macron huet betount, datt Russland an dësem Krich den Aggresseur wier an d'ukrainescht Vollek d'Affer heivunner ass. D'Sanktioune géint Russland an d'Hëllef fir d'Ukrain zanter dräi Joren, wieren déi richteg Decisioun gewiescht an et géif een dëst nach weider maachen, sou de Macron op X.

Och aus Däitschland gouf et solidaresch Wierder fir d'Ukrain a fir de President Selenskyj. De Bundeskanzler Olaf Scholz huet ervirgehuewen, datt sech kee méi Fridde wënscht wéi d'Ukrainer. D'Ukrain kéint sech op Däitschland, ma och op Europa verloossen. De méiglechen nächsten däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet drun erënnert, datt een net vergiessen däerf, wien an dësem Krich Aggresseur a wien d'Affer wier.

Déi italieenesch Ministerpresidentin Georgia Meloni warnt virun enger Spléckung vum Westen a fuerdert  en direkte Sommet tëscht Europa an den USA.

De franséische President Macron fuerdert Respekt fir d’Ukrain a betount, Russland wier den Aggresseur. Virun dräi Joer wier et richteg gewiescht, d'Ukrain ze ënnerstëtzen a Russland ze sanktionéieren - och vun den USA.

En aneren Toun gouf et vum fréiere russesche President Dmitri Medwedew, deen de Selenksyj als "frecht Schwäin" bezeechent huet. Dem Donald Trump mat senger Reproche, de Selenskyj géif mam Drëtte Weltkrich spillen, huet de Medwedew Recht ginn.