
Dat komplett Stroumnetz am Staat wier nëmme kuerz virdru gewiescht, komplett zesummenzebriechen, esou de Chef vum Reseau. Doropshin huet d’Netz ëmmer erëm mat kontrolléierten Ënnerbriechunge vun der Stroumversuergung mussen entlaascht ginn.

A matten an där Kris gouf et elo schaarf Kritik um texanesche Senateur Ted Cruz. De Republikaner war e Mëttwoch mat senger Famill a Mexiko geflunn. Doropshi gouf him reprochéiert, sech an der Sonn z’ameséieren, wärend hien d’Leit a senger Heemecht an dëser Kris am Stach léist.
