Éischt Demonstrante verurteeltSituatioun a Frankräich berouegt sech weider

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Onrouen a Frankräich sech déi lescht zwou Nuechten iwwer calméiert hunn, réckelen elo déi politesch Konsequenzen an de Fokus.
© Afp

De President Macron gesäit sech en Dënschdeg mat bis zu 300 Buergermeeschteren aus Gemengen, wou d’Demonstratioune besonnesch schro ausgefall waren. Den Elysée huet jo schonn eng finanziell Hëllef bei de Reparaturaarbechten un ëffentleche Gebaier an Aussiicht gestallt.

Ee Buergermeeschter gouf bei den Ausschreidunge souguer perséinlech attackéiert. Zu Haÿ-les-Roses bei Paräis gouf dem Buergermeeschter säin Haus ugegraff. Seng Fra huet sech e Bee gebrach, wéi si mat de Kanner aus dem Haus flüchte wollt. An der Affär gëtt elo wéinst versichtem Mord ermëttelt.

E Méindeg den Owend waren de Macron an den Inneminister Darmanin op Visitt an enger Police-Kasär zu Paräis, fir de Poliziste symbolesch de Réck ze stäipen. Honnerte vun hinne goufen an de leschten Deeg blesséiert.

Méi wéi 3.400 Leit goufen an de leschten Deeg wärend den Onroue festgeholl. Dem franséischen Noriichtesender BFM.TV no goufen och schonns éischt Persoune verurteelt, ënnert anerem zu Prisongsstrofen op Sursis mat Foussfessel.

De wirtschaftleche Schued wier iwwerdeems enorm. Den Estimatioune vun der Patrons-Vereenegung Medef no beleeft e sech an d’Milliarden, ouni de Minus vum Tourismus matanzebezéien. Eleng 300 Bank-Filiale goufen zerstéiert.

D’Ausschreidungen hunn ugefaangen, nodeems virun enger Woch ee 17 Joer jonken Teenager bei enger Policekontroll erschoss gi war.

Back to Top
CIM LOGO