Verstäerkt Vitess-Kontrollen"Speed-Week" an Däitschland bis e Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Bei eisen Noperen a Rheinland-Pfalz gëtt verstäerkt kontrolléiert. D'Saarland mécht net beim Blëtzer-Marathon mat.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

E Méindeg ass an Däitschland den Optakt vun der sougenannter "Speed-Week". Dëse Blëtzer-Marathon geet bis e Sonndeg. E Fokus läit virun allem op der Vitess bannent den Uertschaften. Net alleguer d'Bundeslänner maache mat. Vun eisen Noperen ass Rheinland-Pfalz dobäi, d'Saarland awer net.

D'Kontrollen a Rheinland-Pfalz ginn am Virfeld annoncéiert. Et wäert och op den Autobunns-Passagen, op deenen en Tempolimitt gëllt. kontrolléiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO