Niddreg InzidenzSpuenien steet am Europa-Verglach gutt do

RTL Lëtzebuerg
Uechter Europa ginn d'Corona-Zuelen erëm an d'Luucht a verschidde Länner verschäerfen dofir hir Mesuren. A Spuenien sinn d'Zuelen awer weiderhin niddreg.

Zënter der leschter Corona-Well am Summer ass d’Zuel vun den Neiinfektiounen a Spuenien laang Zäit erofgaangen. Elo weist d’Tendenz zwar erëm liicht an d’Luucht, mä de 14 Deeg-Inzidenz-Taux ass mat ronn 50 Fäll op 100.000 Awunner wäit ewech vun den Zuelen, déi een nach virun e puer Méint gesinn huet. Deemools war ee bei iwwer 700. Och am europäesche Vergläich steet Spuenien den Ament gutt do.

Ee Grond fir dës Verbesserung dierft den Impf-Taux sinn, deen a Spuenien bei ronn 80% läit an domat no Portugal a Malta ee vun den héchsten an Europa ass. Bei de ronn 400 Patienten, déi den Ament op der Intensivstatioun leien, handelt et sech esou dann och virun allem ëm Leit, déi net geimpft sinn. Et ass dës, déi niddregst Zuel zënter iwwert engem Joer, a wesentlech besser ewéi nach am Februar 2021, wou bal 5.000 Persounen op Intensivstatiounen a Spuenien hu misse behandelt ginn.

Corona-Situatioun a Spuenien / Jeff Caldarelli

Wat de Covid-Pass ugeet, ginn et den Ament ënnerschiddlech Reegelunge jee no Regioun. Sou muss een a Katalounien de Covid-Pass weisen, fir an d’Disco ze däerfen. Och op Hochzäiten ass de Pass antëscht obligatoresch. Allgemeng ginn awer och a Spuenien ëmmer méi Restriktiounen opgehuewen. Nawell muss een awer weiderhin an ëffentleche Banneraim wéi an der Schoul oder am Restaurant an am ëffentlechen Transport seng Mask undoen.

Spuenien erhëlt sech och wirtschaftlech gesi weider. Déi spuenesch Ekonomie war jo d’lescht Joer besonnesch uerg betraff, virun allem wéinst den Aschränkunge beim Tourismus. Sou huet d’Land dëse Summer duebel esou vill Touristen empfaange ewéi 2020, mä et sinn der nach ëmmer 50% manner ewéi virun der Pandemie. De Chômage, traditionell e grousse Problem a Spuenien, geet weider erof an de PIB wiisst dëst Joer zolidd, dëst no enger däitlecher Baisse dat Joer virdrun. Déi gréisste Suerge maachen d’Ekonomiste sech awer, genee ewéi am Rescht vun Europa, iwwert d’Problemer bei de Liwwerketten an déi grouss Hausse vun den Energiepräisser. Firmen ewéi Seat hunn dowéinst ugekënnegt, en Deel vun hiren Aktivitéite fir e puer Méint mussen op Äis ze leeën.

Back to Top
CIM LOGO