
Wéi et ass, am Québec ze studéieren a wat sech duerch de Coronavirus geännert huet, rapportéiert eis d’Nadine Kremer a senger Korrespondenz vun der Plaz.
Wärend déi meescht Studente mam Auto, Zuch oder Bus op d’Uni fueren, muss ee fir a Kanada fir d’éischt mam Fliger ronderëm d’Welt fléien. A Corona-Zäite gëtt dës Rees, déi escho scho laang ass, duerch annuléiert Vollen nach ee bësse verlängert.
Sur place erwaart een dann eng Erfarung, déi sech a ville Punkte vun der Europäescher ënnerscheet. D’Uni-Campusse si riseg an och den Educatiounssystem ass net de selwechten, wéi am Bologna-Kontrakt fir d’EU festgeluecht. Am Québec ass et eng Mëschung tëscht dem amerikaneschen a franséische System.
Wärend der Pandemie sinn d’Coursen dat ganzt Schouljoer online – do differenzéiere sech kanadesch Unien net vun den Europäeschen.
Ee groussen Ënnerscheed ass awer de Stellewäert vum Sport. All Uni huet hir Sportsekipp. D’Athlete representéieren hir Uni an diverse Sportaarten. Déi bekanntst sinn am Kanada American Football an Äishockey. Mee och d’Athlete mussen dëst Joer hire Liewensstil de Restriktiounen duerch de Virus upassen. Déi meescht hu weder Training nach Competitiounen.
D’Alternativ sinn Aktivitéiten un der frëscher Loft, an där gëtt et a Kanada en masse. D’Regierung rifft ëmmer nees dozou op, grad an dësen Zäite vum kanadesche Wanter ze profitéieren. D’Université Laval zu Québec City huet mat hirem Campus nordique, dee si dëst Joer fir d’éischt organiséiert, eng ideal Initiativ fonnt.
D’Uni huet e Schnéischong-Trëppelwee an eng Schlittschong- a Laanglaafpist um Campus amenagéiert. Schlittschong a Laanglaf op der Liichtathletik-Bunn am Football Stadion. Dat ass eppes Neies an zitt vill Leit un.
D’Julie Dionne, Directrice vum Sportzenter erkläert:
“On voulait trouver une façon de se réapproprier l’environnement extérieur. De créer quelque chose à l’extérieur pour la communauté universitaire. L’idée était vraiment de répondre à un besoin dans une période difficile.”
Elo grad ass am Québec Schoulvakanz. U sech eng gutt Geleeënheet, de frieme Kontinent ze entdecken. Mee d’zoue Grenze maachen engem dëst Joer e Stréch duerch d’Rechnung. Am Kanada waren d’lescht Joer deelweis souguer d’Grenzen tëscht den eenzele Provënzen zou, do war u reesen net ze denken.
Alles an allem ënnerscheet ee Studium a Kanada sech vun engem an Europa, an a Corona-Zäite muss ee sech souguer duebel upassen.