Mediterrane StuermSüdfrankräich plazeweis uerg getraff, Stroossen zu Montpellier ënner Waasser

RTL mat AFP
Kevin Kayser
Météo-France hat matgedeelt, datt et zanter e Mëttwoch um Mëtternuecht an den Departementer Lozère, Gard, Hérault an Ardèche eng Alerte Orange wéinst staarkem Reen, Iwwerschwemmunge an Donnerwiedere gouf.
Iwwerschwemmungen zu Montpellier
E mediterrane Stuerm huet fir Iwwerschwemmunge a verschiddene Regiounen am Süde vu Frankräich gesuergt.

Fir direkt e puer Regiounen huet Météo-France eng Warnung wéinst dem staarken a ville Reen erausginn. Grad an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch respektiv am Laf vum Mëttwoch selwer war d'Situatioun plazeweis ganz uerg. Stroosse stoungen ënner Waasser a Flëss sinn aus hire Better geklommen. Dat fir dës Joreszäit nach vill ze waarmt Mëttelmier, dat sech duerch d'Canicullen am Summer extrem opgehëtzt huet, ass den Ausléiser vun dëser meteorologescher Situatioun.

Besonnesch uerg vun dësem mediterrane Stuerm waren d'Regioune Gard an Hérault betraff. Plazeweis si bis zu 400 Millimeter Reen pro Quadratmeter erofkomm an dat a kuerzer Zäit, esou de Site Meteo-Paris. Och Knëppelsteng mat engem Duerchmiesser vu bis zu 4 Zentimeter goufen op verschiddene Plazen observéiert.

Montpellier besonnesch betraff

Am Laf vum Mëttwoch de Moie war zu Montpellier, eng beléifte Stad och bei Lëtzebuerger Studenten, vill Reen gefall. Am Laf vum Nomëtteg koum esouguer nach e weidere méi intensive Schluet erof, esou Meteo-Paris weider an hirem Bulletin. A verschiddene Quartiere stoungen d'Stroossen ënner Waasser, ënner anerem och virum Kriibs-Zenter vu Montpellier. Do war de Parking iwwerschwemmt.

De Floss "Le Lez" ass an e puer Stonne vun u sech 38 Zentimeter Déift op eng Héicht vun 3,99 Meter geklommen. Méi fréi wéi u sech erwaart, schonn an der Nuecht op en Donneschdeg, huet sech d'Situatioun awer berouegt an d'Waasser ass lues a lues zeréckgaangen.

Verschidden Tornadoen observéiert

E Mëttwoch an der Mëttesstonn konnten zwee Tornadoen an der Géigend vun Aigues-Mortes, net wäit vuneneen ewech, observéiert ginn. Dës hate sech awer wäit ewech vun enger Wunngéigend forméiert. E weidere gouf bei Lunel am Hérault gemellt an och am Süde vu Rouen an der Normandie hat sech ee gebilt.

Canicullen als Ausléiser an als Hëllef

Duerch déi héich Temperaturen am Summer huet sech d'Mëttelmier exzeptionell opgehëtzt an ass och aktuell däitlech méi waarm wéi soss ëm dës Joreszäit. D'Temperatur läit tëscht 2 a 5 Grad méi héich. Dëst war dann och ee vun en Ausléiser vun dësem mediterrane Stuerm.

Ma wéi Meteo-Paris schreift, war duerch d'Canicule den Niveau vu bal all de Flëss an de vun dësem Stuerm betraffene Regiounen exzeptionell niddereg. Dëst huet dann och dozou gefouert, datt se duerch den exzessiven Néierschlag zwar geklomme sinn, awer kee Rekord-Level erreecht hunn. Trotzdeem war de Peegel däitlech an d'Luucht gaangen. D'Vidourle war zum Beispill bei der Statioun Vic-le-Fesq vun 2 Zentimeter op 5,63 Meter geklommen.

Back to Top
CIM LOGO