MallorcaSuperspreader festgeholl: "Ech wäert Iech all mat Corona ustiechen"

RTL Lëtzebuerg
De Mann huet d'Resultat vu sengem Coronatest net ofgewaart an ass trotz Symptomer schaffen an an de Fitnessstudio gaangen.
© AFP (Archiv)

Op d’mannst 22 Persounen huet den als Superspreader definéierte Mann esou ugestach. Hie gouf verhaft an him gëtt Kierperverletzung virgehäit. Dat ganzt geet op Enn Januar zeréck, wou an der Stad Manacor méi Mënsche positiv getest goufen.

De Mann hat, wéi d’Police matdeelt, Féiwer an Houscht an hat och e PCR-Test gemaach. Ma ouni säi Resultat ofzewaarden, ass hie schaffen an an de Fitnessstudio gaangen. Well hie 40 Grad Féiwer hat, wollt säi Patron hien och heemschécken. Ma de Mann huet dat refuséiert a souguer demonstrativ seng Mask ausgedoen, wéi hie gehouscht huet. “Ech wäert Iech all mat Corona infizéieren”, huet hien zu de Aarbechtskolleege gesot.

Op der Aarbecht huet de Mann 5 Leit ugestach, déi dorops hir Familljememberen infizéiert hunn. Am Sportstudio waren et 3 Leit an deenen hir Famill. Zum Gléck huet keng vun de Persoune missten an d’Spidol ageliwwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO