Grenzkontrollen a BayernSystemrelevant Frontalieren dierfe weiderhin areesen

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg u kontrolléieren déi däitsch Autoritéite méi streng op der tschechescher an op der éisträichescher Grenz.

Gréisser Stauen oder soss Problemer bloufen aus. Dausende Leit goufe bannent den éischte 15 Stonne kontrolléiert. An iwwer 2.200 Fäll gouf d’Arees an Däitschland net autoriséiert. De Ministerpresident vu Bayern, de Markus Söder, wiert sech géint d’Kritik vun der EU. D’Virus-Mutatiounen dierften net ënnerschat ginn.

Op der Sich no Léisunge fir Frontalieren

Bayern wëll un de Grenzkontrolle bis op Weideres festhalen, soulaang sech d’Situatioun am Tirol an an Tschechien net berouegt. Bis en Dënschdeg gëtt sech d’Politik Zäit, no ëmsetzbare Léisunge fir Grenzgänger ze sichen, sot de Söder. Zil wier et, d’Verbreedung vun de Mutatiounen anzedämmen.

Ausname sollen et dem bayreschen Inneminister Joachim Herrmann no fir Frontaliere ginn, déi am Gesondheetsberäich schaffen; also Mataarbechter aus Spideeler, Alters- a Fleegeheemer. Donieft sollen och Ausnamereegelungen definéiert gi fir Persounen, déi a systemrelevante Firmen a Branchen täteg sinn. Dorënner zum Beispill Waasser- an Elektrizitéitswierker, wéi och d’Liewensmëttelproduktioun. A Sachsen gëllt d’Ausnamereegelung och fir landwirtschaftlech Betriber, an deenen dréngend Notzdéiere versuergt musse ginn.

Vun e Mëttwoch un sollen déi betraffe Grenzgänger en offizielle Certificat kréien, fir noweisen ze kënnen, dass hire Beruff an d’Kategorie vun de systemrelevanten Tätegkeete fält.

Back to Top
CIM LOGO