Polizist zu Mannheim gestuerwenTäter no Messerattack wéinst Mord a versichtem Mord ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Fënnef Méint no der Messerattack am Mee zu Mannheim, bei där 5 Leit blesséiert goufen an ee Polizist ëm d'Liewe koum, huet de Parquet den Täter lo ugeklot.
© AFP

Ënnert anerem gëtt dem Sulaiman A. Mord a fënneffache versichte Mord reprochéiert, souwéi geféierlech Kierperverletzung, wéi et e Mëttwoch vum Parquet zu Karlsruhe heescht.

Den Afghan, deen zum Zäitpunkt vun der Dot 25 Joer al war, hat den 31. Mee op der Maartplaz zu Mannheim fënnef Participante vun engem Protest vun der Beweegung Pax Europa (BPE) an ee Polizist mat engem Messer blesséiert. Den 29 Joer ale Polizist, de Rouven L., ass méi spéit un de Suitte vu senge Verletzunge gestuerwen. Een anere Beamten hat den Ugräifer ugeschoss.

Den Doud vu Rouven L. hat an Däitschland vill Opmierksamkeet op sech an op de Sujet vun der Migratioun gezunn. De Bundesparquet huet wéinst der besonnescher Bedeitung vum Fall d’Ermëttlungen am Juni iwwerholl. Den Sulaiman A. wier der Uklo no Supporter vun der Dschihadistemiliz Islamesche Staat a géing hir Ideologie deelen. Hien hätt en Uschlag op presuméiert Ongleeweg wollte begoen a sech dozou scho spéitstens Ufank Mee decidéiert.

Mat engem grousse Juegdmesser hat hien deemools op der Maartplaz op den Haaptriedner vun der islamkritescher Beweegung agestach. Véier Mënschen, déi dem Affer hëllefe wollten, goufen dobäi och mam Messer blesséiert.

Dono huet hie sech op de Policebeamte Rouven, deen op d’Plaz gerannt war, gestierzt an him geziilt mam Messer an de Kapp an Uewerkierper gestach. Den 29 Joer ale Polizist gouf dobäi esou uerg verletzt, datt hien huet missen noutoperéiert an an e kënschtleche Koma versat ginn. Den 2. Juni ass hie gestuerwen.

RTL-News: Täter ugeschoss: Eng Rei Blesséierter bei Messerattack op Maartplaz zu Mannheim

Back to Top
CIM LOGO