Ëmmer méi Länner besuergtTerrorattack an der Ëmgéigend vum Fluchhafen zu Kabul méiglech

Pit Everling
Ob et zu Blesséierten oder Doudege komm ass, ass nach onkloer.

D’Lag ronderëm de Fluchhafe vu Kabul spëtzt sech weider zou. Dausende Mënschen, déi d’Land wëlle verloossen, sëtzen nach ëmmer do fest. Nieft der Suerg, net méi aus Afghanistan erauszekommen, kënnt elo och nach d’Angscht virun enger Terrorattack dobäi. De Grond si konkret Indicë vun de Geheimdéngschter, datt eng Terrorattack am Beräich vum Fluchhafen imminent ass.

Wéi et aus der Belsch méi fréi am Dag geheescht huet, wier d’Regierung vun US-Quelle gewarnt ginn an dass et sech méiglecherweis ëm e Selbstmord-Uschlag handele kéint. D’Belsch huet seng Evakuéierungsmissioun an Afghanistan jo och mëttlerweil gestoppt. Dem De Croo no wiere ronn 1.400 Mënsche vun der Belsch aus Afghanistan erausgeflu ginn.

De Chef vun der Nato, de Jens Stoltenberg, huet dann och am Virfeld gesot, dass eng terroristesch Menace um Fluchhafen net “theoretesch”, mä eng “reell Gefor” wier. Virun allem no der Deadline vum 31. August wier et ouni en Accord mat den Taliban ëmmer méi geféierlech, Flich vun Afghanistan auszefléien an eng terroristesch Attack géif ëmmer méi warscheinlech ginn. Den US-President Joe Biden huet virun engem Dag gemellt, dass praktesch all Dag e Member vum IS eng Attack op de Fluchhafe géif versichen a verhënnert géif ginn. Den IS an déi radikal-islamesch Taliban si grouss Feinden an der Regioun.

Terrorgefor beim Fluchhafen zu Kabul / Rep. Pit Everling

Och déi brittesch Regierung huet op imminent terroristesch Menacen zu Kabul reagéiert a réit onmëssverständlech dovunner of, op de Fluchhafen op Kabul ze goen, dat wéinst der héijer Gefor vun enger Terrorattack, déi géif bestoen. Genee sou maachen dat och Australien an Neiséiland. De James Heappey, brittesche Staatssekretär vun der Verdeedegung, huet op Sky News dovunner geschwat, dass en Uschlag an den nächste Stonne kéint geschéien.

De brittesche Militär huet an der Evakuéierungszon um Fluchhafen zu Kabul d’Protektioun virun Terror-Attacke massiv an d’Luucht gesat. En Offizielle vun der Arméi gëtt zitéiert, dass eventuell Membere vun IS Selbstmord-Uschléi oder Autosbomme kéinte plangen. Ënnert anerem och déi däitsch Ambassade an aner Ambassade warne virun der Gefor, déi kuerz virdru kéint stoen, Leit ëm de Fluchhafe sollten dës Plaz onbedéngt verloossen.

Dausende Leit waarden nach ëmmer op eng Evakuéierung. Ma eng ganz Partie Länner wäerten hir Rettungsmissioune schonn en Donneschdeg oder e Freideg ofbriechen, ënnert anerem d’Belsch:

Gëschter huet d’Situatioun sech staark degradéiert. Da krute mer konkret Informatioune vun US-Sourcen an aneren, datt eng Kamikaze-Attack am Beräich vum Fluchhafen imminent wier. Den Accès bei d’Gates wier méi schwiereg respektiv onméiglech ginn. Mir sinn am Kontakt mat eise Partnerlänner an déi hunn déi selwecht Approche wéi mir. D’Zuel vun de Flich tëscht Kabul an Islamabad gëtt reduzéiert respektiv gestoppt, erkläert den De Croo.

Mat der internationaler Loftbréck dierft et also geschwënn eriwwer sinn. Bis op Weideres soll et dobäi bleiwen, datt d’USA hir lescht Truppe bis nächsten Dënschdeg ofzéien. D’Taliban toleréieren nom 31. August keng auslännesch Truppe méi am Land. Allerdéngs gëtt zu Doha am Qatar iwwer zivil Fluchverbindunge verhandelt. Sou kéinten Afghanen och nom leschten August eventuell mat Linneflich aus dem Land ausreesen.

Méi wéi 80.000 Mënsche goufen an de leschten Deeg aus dem Afghanistan erausbruecht. Och 15 Persoune mat Lien zu Lëtzebuerg goufen evakuéiert.

Back to Top
CIM LOGO