
Den US-President Donald Trump huet op en Neits gedreet, Grönland mat Gewalt z’iwwerhuelen. “Mir wäerte wéinst Grönland eppes ënnerhuelen, ob et hinne passt oder net”, sot den Trump e Freideg am Wäissen Haus. “Ech géing gären en Accord erreechen, wësst Dir, op déi einfach Manéier. Mä wa mir et net op déi einfach Manéier maache (kënnen), wäerte mir et op déi haart Manéier maachen.”
Nom Militärasaz a Venezuela huet den Donald Trump nach emol den Usproch vun den USA op d’Insel Grönland betount, déi zum EU- an Nato-Land Dänemark gehéiert. Den US-President schléisst dem Wäissen Haus no och militäresch Gewalt net aus, fir d’Land, dat räich u Rostoffer ass, z’iwwerhuelen. Als Grond fir seng Ambitioun hat den Trump déi national Sécherheet vun den USA genannt. Ronderëm Grönland wieren ze vill russesch a chineesesch Schëffer ënnerwee.
“Mir wäerten net zouloossen, datt Russland oder China Grönland besetzen”, huet den Trump e Freideg betount. “Dat wäerte si maachen, wa mir et net maachen. Also wäerte mir eppes mat Grönland maachen, entweder op déi agreabel Manéier oder op déi schwiereg Manéier.”
Dänemark an aner EU- an Nato-Länner ware schockéiert iwwer den Trump seng Menacen. Déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen huet souguer gewarnt, datt eng Attack op Grönland duerch den Nato-Alliéierten USA d’Enn vun der Verdeedegungsunioun wier. Den Trump sot dozou, hie wier e “Fan” vun Dänemark. “Si waren immens léif mat mir”, huet hie weider betount. “Mä wësst Dir, nëmme well do viru 500 Joer e Boot ugeluecht huet, heescht dat net, datt hinnen dat Land gehéiert.”
Eng Rei EU- an Nato-Staate fuerderen elo, datt d’Nato hir Presenz an der Arktis ausbaut - mat enger Zort Iwwerwaachungsasaz. Domat wéilt een den Amerikaner d’Argument huelen, datt d’Sécherheet vun der Regioun den Ament net gutt genuch assuréiert wier. D’Nato soll dofir an där Regioun méi staark optrieden an zum Beispill Géigner wéi Russland ofschrecken, sot de brittesche Premier Keir Starmer no engem Gespréich mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz a mam franséische President Emmanuel Macron.