Ronn 20.000 Awunner zielt Nuuk un der grönlännescher Südwestküst. Sou onscheinbar an eidel d’Haaptstad an déi kilometerwäit Tundra rondërem och wierken: Grönland ass voll mat wäertvolle Matières premièren. Als offiziell eenzege Lëtzebuerger op der dänescher Insel schafft a lieft de Romain Meyer zu Nuuk. Als Direkter vum Geologie-Departement ass hien ënner anerem zoustänneg fir d’Kontroll vun den natierleche Ressourcë vu Grönland. Hien erkläert, wéi eng Buedemschätz d’Insel esou interessant maachen:
“Dat sinn zum Beispill ganz vill vun deenen, wat haut oft gesot gëtt, Critical Raw Materials. Dat heescht ebe Materiellen, déi gebraucht gi fir nei Technologien a wou déi westlech Länner grondsätzlech ofhängeg sinn, zum Beispill vu China (...) Déi selten Äerde vun deene vill geschwat gëtt, déi sinn am Süde ganz staark vertrueden. Do sinn déi gréissten selten Äerde -Virkommen ausserhalb Chinas, sinn a Grënland bewise ginn. Et gëtt Nickel, Koffer, Chrom. Praktesch alleguer d’Elementer, déi een hautesdags brauch, sinn a Grönland virräteg.”
Well dës Critical Raw Materials zu engem groussen Deel am Norde geleeë sinn, ass et méi schwiereg un dës ze kommen. Anescht am Süde vun der Insel, wou déi sougenannt Seelen Äerde staark present an och méi einfach accessibel sinn. Néckel, Koffer, Chrom: Grönland huet déi meeschte Seelen Äerde baussent China, sou de Romain Meyer. Den aktuelle Probleem vun der schwiereger Accessibilitéit un déi sëllege Matières premièren am Norde vu Grönland kéint an Zukunft duerch d’Konsequenze vum Klimawandel verschwannen, erkläert de Lëtzebuerger Geolog:
“Doduerch dass d’Temperaturen an d’Luucht ginn, zéie sech d’Gletschere jo natierlech zréck an doduerch gëtt méi Land accessibel, wou een da ka fir d’éischt emol kontrolléieren, wat fir Gestengs sinn do, wat fir eng Ressourcë sinn do? Et fënnt een domadder nei Ressourcen a se gi méi accessibel an deem Sënn, dass ee mat Schëffer ka méi laang an déi Regioune fueren an et ass dann eeben net ganz zougefruer, vläicht och guer net, dann ass d’Accessibilitéit vill méi ginn.”
Allerdéngs léisst déi grönlännesch Regierung net jiddereen einfach gewäerden. Fir d’Natur a besonnesch déi indigeen Inuit-Bevëlkerung ze schützen, gëlle streng Ëmweltoplagen. D’Exploitatioun vum Pëtrol (deem seng Reserven ënner Grönland och massiv sinn) ass beispillsweis komplett ënnersot, den Ofbau vun deene meeschten anere Materialien ass nëmmen a Limitte méiglech a fir eng entspriechend Lizenz muss ee bis zu 5 Joer waarden.
Och gëllt en Urangesetz, erkläert de Romain Meyer:
“Dat heescht et däerf een näischt ofbauen, wat méi wéi 100 PPM Uran huet. Dat ass eng kleng Konzentratioun. Et muss ee soen, dass et hei a Grönland och Gestengs ginn, déi am Prozentberäich Uran hunn, dat reegelrecht Uranäerzer sinn an dat ass och verbueden. Also bei eis däerf keen Uran ofgebaut ginn an eeben och kee Pëtrol, keng Kuelewaasserstoffer an deem Sënn.”
Datt d’USA et mat enger méiglecher Iwwernam vu Grönland eescht mengen, dat dierften an Europa a besonnesch Dänemark entretemps wuel nëmmen nach déi mannst fir just e schlechte Witz halen. Mat wéi enge Mëttel d’Trump-Regierung bereet wier dëst Zil z’erreechen, bleift ofzewaarden an iwwer déi wierklech Motiver léisst sech à ce stade just spekuléieren. Fir déi nächst Woch huet den US-Ausseminister Marco Rubio ëmmerhin eng Reunioun mat Vertrieder vun Dänemark annoncéiert a wielt domat – fir den Ament nach – den diplomatesche Wee.
Zur aktueller geopolitescher Situatioun tëschent Grönland an den USA, wollt sech de Romain Meyer mat Verweis op seng Positioun an der grönlännescher Regierungsadministratioun net äusseren.