
No der amerikanescher Interventioun a Venezuela an der Entféierung vum President Nicolás Maduro a senger Fra hu sech e Mëttwoch am spéide Nomëtteg ronn 70 Mënscherechtler an ONGe virun der US-amerikanescher Ambassade getraff, fir dogéint ze protestéieren. D’Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform ass sech eens, dass d’Militäroperatioun a Venezuela ee schwéiere Verstouss géint dat internationaalt Vëlkerrecht wier, a fuerderen doropshin eng kloer Positionéierung a Reaktioun vu Lëtzebuerg an der europäescher Unioun.
Der Friddens- a Solidaritéitsplattform no stellt déi vum US-President ordonéiert Militäroperatioun am Venezuela e schwéiere Verstouss géint d’internationaalt Vëlkerrecht duer. Eng militäresch Aktioun wier weder duerch e Mandat vum UN-Sécherheetsrot gedeckt, nach duerch eng formell Decisioun vum US-Kongress legitiméiert gewiescht, sou de Marc Burggraff vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform.
“Dem Trump seng Ziler, denken ech, ass net just ee Land, et ass fir iwwer eng ganz Regioun d’Kontroll z’iwwerhuelen. A wa mir hien déi éischte Kéier gewäerde loossen, da mécht hien et och eng zweete Kéier. Wa mir en déi zweete Kéier gewäerde loossen, mécht hien et eng drëtte Kéier. Hien hält net op. Mir mussen elo agéieren. Wa mer innepolitesch an den USA kucken, wéi d’Militär a Stied agesat gëtt, wéi d’Populatioun drangsaléiert gëtt. Dat nämmlecht wäerte mer um internationale Niveau gesinn, wann do net endlech gesot gëtt Stopp.”
Weider heescht et, datt vu Venezuela zu kengem Zäitpunkt eng militäresch Menace fir d’USA ausgaange wier. D’Demarche vun der US-Regierung wier dofir eng evident Mëssuechtung vun der Charta vun de Vereenten Natiounen an de Grondprinzippie vum internationale Recht.
Ma d’Friddens- a Solidaritéitsplattform hu Fuerderungen, déi sech net just un d’USA riichten.“Un d’USA, dass mir dat verurteelen an u Lëtzebuerg an d‘Europäesch Unioun, dass mir fuerderen, dass mir do eng gemeinsam Linn fannen, dass eeben och d‘Staategemeinschaft dat verurteelt. Mir mussen eis bedenken, elo ass et Venezuela deen ugegraff gëtt, a puer Deeg ass et villäicht Kolumbien oder Kuba. D’USA hunn awer ganz däitlech gesot, Grönland ass och op der Lescht. A mat Grönland si mir an Europa am Endeffekt ukomm, Grönland ass Deel vun Dänemark, Dänemark ass Deel vun der EU a vun der NATO an da si mir an enger katastrophaler Situatioun.”
D’Plattform rifft dozou op, d’staatlech Souveränitéit vu Venezuela ze respektéieren an all militäresch Eskalatioun z’ënnerloossen. Gläichzäiteg fuerdert si, dass dat internationaalt Recht respektéiert gëtt, a Lëtzebuerg, sou wéi d’Europäesch Unioun, sech kloer géint militäresch Interventioune positionéieren – an doriwwer eraus e kloert Zeeche géint eng weider, wéi si soen, Re-Koloniséierung vu Latäinamerika setzen. D’Zil misst et sinn, esou d’Plattform, d’Recht ze stäerken an net d’Recht vum Stäerksten duerchzesetzen.