
A Lettland gëtt dëse Samschdeg een neit Parlament gewielt. Ronn annerhallef Millioune Walberechtegter sinn zanter e Samschdeg de Moien opgeruff wielen ze goen. Wéinst engem Sträit iwwer Virfäll mat ukraineschen Dronen an Diskussiounen ëm d'Sécherheet am letteschen Loftraum war d'Regierungskoalitioun am Mee auserneegebrach.
Och elo fir d'Parlamentswal huet dat baltescht Land säi Sécherheetsdispositif verstäerkt aus Suerg virun eventuelle Geforen aus der Loft. D'EU- an NATO-Memberland dat u Russland grenzt, huet och seng Alliéiert fir Ënnerstëtzung gefrot fir de Loftraum ze schützen. Déi däitsch Bundeswehr huet véier Eurofighter a Lettland geschéckt.