Hoffnung géint Covid-19?Uniklinik Köln préift, ob Nuesespray Krankheetsverlaf miniméiert

RTL Lëtzebuerg
Beim Nuesespray soll et sech ëm e spezifescht Medikament handelen, dat bei Allergiker mat schwéiere Symptomer agesat gëtt.

D’Uniklinik zu Köln kéint also zoufällegerweis op enger Pist sinn, déi effektiv géint e schwéiere Krankheetsverlaf vu Covid-19 hëllefe kéint an en plus einfach kann agesat ginn. Rieds geet vun engem Nuesespray géint den Heeschnapp, mam Wierkstoff Azelastin.

D’Doktere ginn dovunner aus, dass de Wierkstoff bewierkt, dass de Virus sech manner gutt an der Nues festsetze kann. An doduerch kann de Virus sech dann och net sou séier multiplizéieren an ausbreeden.

D’Iddi kënnt vun engem fréieren HNO-Dokter vun der Universitéitsklinik Köln. Him ass nämlech opgefall, dass Patienten, déi de Spray reegelméisseg benotzen, net krank gi sinn.

D’Uniklinik Köln wëll elo an enger Etüd erausfannen, wéi an op de Wierkstoff géint de Coronavirus hëlleft. Et ginn dohier och Fräiwëlleger gesicht, déi positiv sinn an e PCR-Test virweise kënnen, dee manner al wéi 48 Stonnen ass.

Méi Infoe ginn et hei op der offizieller Säit vun der Universitéitklinik Köln.

Back to Top
CIM LOGO