
D’amerikanesch Geheimdéngschter hu keng kloer Originn vum Coronavirus an hirem Rapport ausgemaach. Am Dokument, dat e Freideg public gemaach gouf, gi souwuel eng Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch, wéi och en Accident an engem chinesesche Labo als méiglech “plausibel Hypotheesen” genannt.
Fir eng ofschléissend Bewäertung géife klinesch Prouwen an Daten zu de fréien Infektiounsfäll a China feelen. D’Geheimdéngschter wiere weider gespléckt an der Fro, wat déi warscheinlechsten Originn vum Virus wier, heescht et. Allerdéngs schléisst de Rapport aus, datt de Virus als “biologesch Waff” entwéckelt gi wier. Den amerikanesche President Joe Biden hat de Rapport virun dräi Méint an Optrag ginn.
No der Publikatioun huet de President Biden China reprochéiert wichteg, Informatiounen iwwert d’Originn vun der Pandemie zeréckzehalen. Chinesesch Regierungsvertrieder hätten international Enquêteuren an déi international Gesondheetsgemeinschaft dru gehënnert, fir un Informatiounen ze kommen. Bis haut géif Peking Fuerderungen no Transparenz zeréckweisen an Informatiounen zeréckhalen, huet den Demokrat bedauert. D’USA awer géife keng Rou ginn, bis se rausfannen, wou de Virus hierkomm ass. Dat wier noutwenneg, fir eng nei Pandemie ze verhënneren.
