
Baséiert gëtt sech hei op e Gesetz, dat et Fonctionairen an den USA verbitt, TikTok op hiren Apparater installéiert ze hunn, respektiv z’installéieren. Den entspriechenden Text gouf schonn am Dezember 2022 gestëmmt a gouf du schlussendlech am Januar vum US.President Joe Biden ratifizéiert.
Eng direkt Reaktioun säitens der Firma ByteDance oder vun der chineesescher Regierung gouf et bis ewell nach net. E Spriecher vum chineeseschen Ausseministère bemierkt heizou, dass et den USA u Selbstvertraue géif feelen, wann esou e grousst Land Angscht virun enger App fir Jonker hätt. D’Konzept vun der “nationaler Sécherheet” géif vun den USA an dësem Fall onverhältnesméisseg géint auslännesch Firme genotzt ginn, esou de Spriecher vum chineeseschen Ausseministère weider.
Leit, déi net fir de Staat schaffen, an natierlech Privatpersoune si vun dësem Verbuet ausgeschloss. Kritiker wéi d’ACLU, eng Associatioun fir d’Biergerrechter an den USA, gesinn awer an dësem Gesetz en Agräifen an d’Meenungsfräiheet vun den US-Bierger. “Mir hunn d’Recht TikTok an aner Servicer ze notzen, fir eis Gedanken, Iddien a Meenunge mat Leit op der ganzer Welt ze deelen”, sou Jenna Leventoff vun der ACLU.
Déi extrem beléiften App, bei där et jo virun allem drëms geet, sech selwer a kuerze virale Videoen ze presentéieren, gëtt vun ëmmer méi Länner kritesch beliicht, well hei gefaart gëtt, dass China op sensibel Donnéeë vun de Usere kéint zougräifen.
Och d’EU-Kommissioun huet jo eng änlech Decisioun fir d’Beamten an der EU kierzlech geholl, dat fir d’EU-Institutioun ze protegéieren. Genee déi nämlecht Decisioun huet e Méindeg och déi kanadesch Regierung geholl, dat och wéinst Bedenken un der Sécherheet vun de User-Donnéeën. An Indien gehéiert TikTok schonn zënter 2020 zu de verbuedene chineeseschen Applikatiounen.
Mat iwwer enger Milliard aktive Notzer weltwäit, ass TikTok op der Plaz 6 vun de soziale Plattformen, déi am intensiivste genotzt ginn, esou de leschte Rapport vu “We Are Social” iwwert d’Evolutioun vu sou Plattformen, deen am Januar publizéiert gouf.
TikTok hat am November zouginn, dass verschidden Ugestallter a China op Date vun Notzer an Europa konnten zougräifen. Och hat een am Dezember du missen zougestoen, dass Employéeën dës Donnéeën och géint Journaliste benotzt hunn. Ma de Grupp betount awer, dass déi chineesesch Regierung weder Kontroll, nach iergendwellechen Accès op d’Date vun TikTok hätt, dat zu kengem Moment.