Impfstoffproduktioun beschleunegenUSA starten Impfallianz mat Japan, Indien an Australien

RTL Lëtzebuerg
Déi sougenannte Quad-Staate wëlle bis 2022 bis zu 1 Milliard Dosissen hierstellen, fir virun allem dem Manktem a Südostasien entgéintzewierken.

Och wann et net explizitt erwäänt gouf, dierft dës Initiativ eng Reaktioun op de chineeseschen Engagement bei der weltwäiter Impfstoff-Verdeelung sinn.

Fir e Freideg war e virtuelle Sommet mat de Regierungs- a Staatscheffe vun den USA, Australien, Japan an Indien geplangt. De gemeinsame Plang gesäit vir, virun allem d’Produktiounskapazitéite vun der indescher Pharmaindustrie bei der Hierstellung vum Johnson&Johnson-Vaccin ze notzen. Japan soll bei der Finanzéierung hëllefen an Australien soll sech ëm den Transport këmmeren.

De Quad-Format gouf als informell Allianz gegrënnt, fir dem Opstig vu China e bëssen entgéintzewierken. Dëst ass déi éischte Kéier, dass Länner op héchstem Niveau an deem Kader zesummekommen. Den australesche Premierminister Scott Morrison huet betount, dass China sech wéinst dëser Allianz keng Suerge misst maachen, et wier en Treffen ënner “liberalen Demokratien”.

Anescht wéi de fréiere President Trump wëll de Biden verstäerkt op dëst Netzwierk aus Alliéierten a Partner zeréckgräifen. An der chineesescher Zeitung “Global Times” gouf e Kommentar verëffentlecht, an deem dëst Treffen allerdéngs als US-Komplott géint Peking bezeechent gouf.

Back to Top
CIM LOGO