Schued gëtt op 88 Milliounen Euro geschat, esou de Parquet

© AFP/Dimitar Dilkoff
Beim spektakulären Déifstall vu Bijouen aus dem Paräisser Musée e Sonndegmoie waren eng Bijoue vun "onschätzbarem kulturelle Wäert" geklaut ginn.
Wéi de Paräisser Parquet en Dënschdeg géigeniwwer de franséische Kolleege vun RTL confirméiert huet, géifen déi Responsabel vum Louvre de Schued op 88 Milliounen Euro schätzen. D'Zomm wier allerdéngs "net vergläichbar mam historesche Schued".
Och wann et eng "spektakulär" Zomm wier, kéinten d'Déif net mat deem Betrag rechnen, falls se "op déi immens schlecht Iddi komme" géifen, d'Bijouen anzeschmëlzen.
Beim Abroch e Sonndeg de Moie waren d'Déif eng hallef Stonn nodeems de Musée seng Diere fir de Public opgemaach hat, iwwert e Lift - e sougenannte "Monte-charge" - an de Louvre agedrongen an hu mat klenge Motorseeën d'Vitrinnen opgemaach. Den Abroch huet keng 10 Minutte gedauert, duerno si si mat Scootere geflücht. Och en Dënschdeg feelt vun de véier Verdächtege weiderhin all Spuer.
De Paräisser Parquet ermëttelt wéinst organiséiertem Bandendéifstall an der Bildung vun enger krimineller Vereenegung. Et besteet grouss Suerg, datt déi aacht geklauten Ausstellungsstécker an hir Bestanddeeler zerluecht ginn. Um legale Marché kënne se net verkaf ginn. Experten no goufe se geklaut, fir dat ageschmolt Gold an d'Bijouen ze verkafen.