Parquet vu Paräis confirméiert
Fënnef weider Persounen a Relatioun mam Louvre-Abroch festgeholl ginn
Am Kader vun den Ermëttlungen zum Abroch an de Louvre goufen nach fënnef weider Persoune festgeholl, dorënner een Haaptverdächtegen.
Dat huet d'Paräisser Procureurin Laure Beccuau en Donneschdeg bekannt ginn. Am Gespréich mat eise Kolleege vun RTL France sot si: "Ee vun hinne war tatsächlech ee vun den Ziler vun den Enquêteuren, mir haten en am Viséier".
Vun de geklaute Bijouen am geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro feelt bis ewell weider all Spuer. Schonn e Samschdeg den Owend waren zwee Verdächteg verhaft ginn, ee vun hinne wollt sech an Algerien ofsetzen.
Am meeschte gelies