Am Louvre ware Profien um Wierk, esou en Expert
D’Police sicht no véier Männer, déi mam Scooter geflücht sinn. De Louvre bleift virleefeg zou, d’Ermëttlunge lafen op Héichtouren.
Zu Paräis hunn Déif e spektakuläre Coup am Musée du Louvre gelant. Si hu Bijoue mat engem onschätzbare kulturelle Wäert geklaut, dorënner d’Kroun vun der Keeserin Eugénie aus dem 19. Joerhonnert.
De bekannte Konschtdetektiv Arthur Brand nennt d’Affär "den Déifstall vum Joerzéngt“ a seet, et wier kloer, datt hei Profien um Wierk waren: "Dat war net hiren éischten Iwwerfall. Esou Leit stinn net einfach op a soen: haut ginn ech an de Louvre abriechen. Si hu scho virdrun zougeschloen a ware sech sécher, datt et och hei kéint klappen."

© AFP
De franséischen Auktionator Jean-Pierre Osenat schwätzt vun engem "dramatesche Verloscht“ fir Frankräich: "Et ass d’Geschicht vu Frankräich, déi hei getraff gëtt. All Bijou huet seng eege Perséinlechkeet an esou eppes kann een net einfach ersetzen."

© AFP
Hie rifft d’Täter op, d’Bijouen un de franséische Staat zeréckzeginn: "Déi bescht Léisung wier, se dem Louvre erëm ze ginn. Et ass onverständlech, wéi esou eppes mat esou vill Einfachheet konnt geschéien."
D’Police sicht no véier Männer, déi mam Scooter geflücht sinn. De Louvre bleift virleefeg zou, d’Ermëttlunge lafen op Héichtouren.