
Zanter engem Joer kämpft d’ethiopesch Regierung am Tigray géint Rebellen. D’Gravitéit vun de Violatiounen an Abuse géing kloer weisen, datt een déi responsabel Acteure misst responsabel halen, egal fir wéi ee Camp si kämpfen, sou d’Uno-Mënscherechtsbeoptraagt Michelle Bachelet an engem Schreiwes.
Rapport geet ënnert anerem rieds vun Exekutiounen ouni Geriichtsprozess, Folter a sexueller Gewalt an engem sou groussen Ausmooss, datt se kéinte Verbrieche géint d’Mënschlechkeet a Krichsverbriechen duerstellen. Der eritreeëscher Arméi, déi d’ethiopesch Regierungstruppen ënnerstëtzt, gëtt och reprochéiert, eritreeësch Flüchtlinge mat Gewalt aus dem Tigray zréck an Eritrea ze bréngen. De Rapport kënnt een Dag, nodeems den Noutstand a ganz Ethiopien ausgeruff gouf an d’Residenten an der Haaptstad Addis Ababa opgeruff goufen, sech drop ze preparéieren, hir Noperschaft virun de Rebellen ze schützen.