
De Parquet huet confirméiert, datt et sech ëm déi vermësste Lisa handelt.
De Kierper gouf an engem eidele Gebai zu Brandenburg fonnt, net wäit vun der polnescher Grenz. D'Plaz läit méi wéi 50 Kilometer vun der Wunneng vum Meedchen ewech.
D'Lisa gouf zanter Dënschdeg, dem 3. November, vermësst. Si hat géint 7:15 Auer hiert Doheem verlooss, fir an d'Schoul ze fueren. Do koum si awer ni un.
D'Enquêteuren hunn zanter e Freideg mat engem Groussasaz no him gesicht. D'Autoritéite ginn dovun aus, datt d'Meedchen net fräiwëlleg dat familiäert Ëmfeld verlooss huet.
De Parquet geet vun engem schwéiere Verbriechen aus. D'Ëmstänn vum Doud sinn nach net bekannt.