US-amerikanesch EtüdVerschidde Länner verzeechne manner Gebuerte wärend Corona

RTL Lëtzebuerg
Enger Etüd no kéint den Taux vun de Gebuerte méiglecherweis duerch d'Coronapandemie gesonk sinn.

Fuerscher vum Fachmagasinn “Proceedings” vun der US-nationaler Akademie vun de Wëssenschaften (PNAS) deele mat, datt dëst virun allem fir Italien, Ungarn a Spuenien gëllt. A Länner wéi Däitschland, Norwegen, Schweden an der Schwäiz wier den Taux selwecht bliwwen oder souguer liicht geklommen.

D’Wëssenschaftler ëm den Arnstein Aassve vun der Wirtschaftsuniversitéit Luigi Bocconi Mailand hunn d’Tauxe vun de Gebuerte pro Mount an 22 Länner mat héijem Akommes analyséiert. Dofir goufen d’Wäerter vun November 2020 bis Mäerz 2021, also 9 Méint nom Ufank vun der Pandemie, mat de Wäerter vun de Méint vu virun 1 Joer verglach.

Der Etüd no sinn d’Tauxen an Italien ëm 9,1 Prozent, an Ungarn ëm 8,5, a Spuenien ëm 8,4 an a Portugal ëm 6,6 Prozent erofgaangen. Och an der Belsch, Éisträich an zu Singapur hätten d’Berechnungen eng däitlech Baisse erginn. Insgesamt ass a 7 vun 22 ënnersichte Länner een däitleche Réckgang festgestallt ginn, dee wuel op d’Coronakris zréckzeféieren ass.

De Fuerscher no handelt et sech allerdéngs ëm virleefeg Resultater, déi fir d’éischt bestätegt musse ginn. Eng Aschätzung iwwer de weidere Verlaf ass nach net méiglech, vue datt déi momentan disponibel Donnéeë just Informatiounen zu den Entscheedunge vu Koppelen an der éischter Corona-Well bidden. D’Fuerscher huelen un, datt de Réckgang an der Gesamtiwwersiicht vun der Pandemie nach méi däitlech ausfale wäert.

Back to Top
CIM LOGO