WeltraumtourismusVirgin Galactic huet bis ewell 700 Tickete verkaf

RTL Lëtzebuerg
450.000 Dollar kascht ee Fluchticket an den All. Eng héich Zomm, déi awer schonn e puer honnert Leit ausginn hunn.
De Richard Branson an déi aner Leit u Bord
De Richard Branson an déi aner Leit u Bord
© Virgin Galactic/AFP/Patrick T. FALLON

Zanter dem Vol vum brittesche Milliardär Richard Branson huet de Konzern ronn 100 weider Billjeeë verkaf. 700 Plazen hu sech interesséiert Weltraum-Touriste scho geséchert an dofir pro Kapp ëmgerechent 388.000 Euro op den Dësch geluecht.

D’Nofro wier riseg, sou de Spriecher vu Virgin Galactic. Et géing een d’Plaze méi séier verkafe wéi ee geplangt hätt, betount de CEO Michael Colglazier.

Am Summer hat sech de Branson säi Liewensdram erfëllt an ass an de Weltall geflunn. Dat 9 Deeg virum Jeff Bezos, deen an enger Rakéit vu Blue Origin souz. De Vol huet eppes iwwer 10 Minutte gedauert, dovunner sinn de Milliardär a seng Begleeder fir ongeféier 4 Minutten am Weltall geschwieft.

De Richard Branson an déi aner Leit u Bord
De Richard Branson an déi aner Leit u Bord
© Virgin Galactic/AFP/Patrick T. FALLON

Am Géigesaz zum Richard Branson huet den Jeff Bezos mat senger Kapsel awer déi sougenannte Kármán-Linn op 100 Kilometer iwwer dem Mieresspigel erreecht, déi vu munchen Experten a vun US-Amerikaner selwer als Grenz zum Weltall ugesi gëtt. Fir d’Nasa verleeft dës Grenz awer just bei 80 Kilometer iwwer dem Mieresspigel, et kann een also driwwer streiden, wie lo schlussendlech den éischte Milliardär am Weltraum war.

Den Jeff Bezos an der Rakéit
Den Jeff Bezos an der Rakéit
© BLUE ORIGIN/AFP/Handout

Back to Top
CIM LOGO