
E Corona-Pass muss een néirens méi weisen an d’Liewen dréint nees normal, och fir d’Nuetsliewen a gréisser Manifestatiounen.
Eng Maskeflicht gouf jo schonns an de leschte Wochen no an no annuléiert. Bei den Däne gëllt Covid-19 elo dann och net méi als Krankheet, déi eng Gefor fir d’Gesellschaft duerstellt.
Alles dat wier méiglech, well méi wéi 83% vun der Populatioun iwwer 12 Joer mëttlerweil geimpft ass.
Am Verglach: hei am Land sinn et just 71,5% vun de Leit iwwer 18 Joer.