Wou dierf ech hin? Wou däerf ech just op d’Terrass? Wou an de Restaurant eran? Den Tim Morizet mat engem kuerzen Iwwerbléck.
Frankräich
Déi lokal Restriktiounen an d’Arees-Méiglechkeete fir Frankräich gi méi labber. Vun e Méindeg u brauch ee keng Attestatioun méi fir a Frankräich eranzefueren. Deplacementer sinn och nees erlaabt. En negative PCR-Test, deen net méi al ass ewéi 72 Stonne bleift awer e „Must-Have“.
Frankräich soll a 4 Etappe bis den 30. Juni nees opgoen. Vum 19. Mee u gëllt de Couvre-feu just nach bis 21 Auer an et ass d’Reouverture vun de Geschäfter, Terrassen, Muséeën a Kinoen.
Den 9. Juni soll den Horeca-Secteur dann och bannenan dierfen opmaachen. Vum 30. Juni u soll de Couvre-feu ganz opgeléist ginn.
Däitschland
An Däitschland ginn et déi éischt Lockerunge fir Persoune mat enger Impfung. Vun e Méindeg u brauche Leit, déi fäerdeg geimpft sinn, ënnert anerem an Nordrhein-Westfalen an am Saarland keen negativen Test méi fir zum Beispill an de Fitness oder an e Geschäft.
D’nächst Woch soll esou eng Reegelung och Landeswäit a Kraaft trieden. D’Areesen an Däitschland ass mat Restriktiounen erlaabt. Net erlaabt bleiwen touristesch Hotel-Iwwernuechtungen.
Holland
Wéinst ze héijen Infektiounszuele goufen d’Corona-Restriktiounen an Holland ëm eng Woch verlängert. Eigentlech war de Géigendeel geplangt.
Am Benelux-Land gouf et nom Dag vum Kinnek de leschten Dënschdeg éischt Lockerungen zanter dem strenge Lockdown vum Dezember. Ënnert anerem gouf de Couvre-feu opgehuewen, Butteker dierfen erëm Clienten ouni Rendez-vous empfänken an d’Terrassen hunn och nees dierfen opmaachen.
Fir d’Arees an Holland ass mam Auto kee PCR-Test néideg, allerdéngs ass eng Quarantän vun 10 Deeg obligatoresch, ausser et gëtt een nom 5. Dag negativ getest.
Portugal
Virun 3 Méint nach hat Portugal déi héchst Corona-Inzidenz weltwäit. No engem haarde Lockdown sinn et zanter Mäerz quasi Lockerungen am Wochentakt. Elo ass och d’Grenz mat Spuenien, déi 3 Méint laang zou war, nees opgemaach ginn.
Vum 1. Mee un hunn och d’Caféen a Restauranten, bannen ewéi baussen, bis 22.30 owes op. Gréisser Hochzäitsfeieren a Sportsmanifestatioune sinn och nees erlaabt.
Den Ausnamezoustand ass eriwwer. Fir d’Arees op d’Festland vu Portugal gëllt en negative PCR-Test an eng Umeldung.
