A Frankräich ginn d’Mesurë vun e Samschden u verschäerft a gëllen um ganzen Territoire. Ausgangsspär tëscht 19 Auer Owes an 6 Auer Moies, Daags iwwer si just Deplacementer an engem Ëmkrees vun 10 Kilometer erlaabt, Deplacementer tëscht de Regiounen si verbueden.
Allerdéngs gëtt et eng Toleranz iwwert den Ouschterweekend, wat d’Deplacementer ugeet. Esou däerf ee bis dohinner nach a seng Vakanzewunneng oder an en Hotel fueren an do Vakanz maachen, och als Lëtzebuerger. Fir anzereesen, brauch een en negative PCR-Test, deen net méi al wéi 72 Stonnen däerf sinn. Heemfueren op Lëtzebuerg ass kee Problem, dat gëllt als Transit.
Änlech restriktiv sinn eis belsch Noperen. Fir Auslänner sinn all Reesen an d’Belsch, déi net essentiell sinn, verbueden. Tourismus ass deemno net erlaabt, grad wéi och Ouschter-Visitte bei der Famill.
Wien awer elo e gudde Grond huet, fir an d’Belsch ze reesen, muss am Virfeld e Formulaire ausfëllen, dernieft brauch een en negativen Test, ausser et fiert ee mam Auto an et bleift ee manner wéi 48 Stonnen an der Belsch.
Vakanz an Däitschland ass prinzipiell erlaabt. Als Lëtzebuerger muss een en negativen Test hunn, deen net méi wéi 48 Stonnen al ass. Et kann een sech awer och bannent 2 Deeg an Däitschland teste loossen. Och hei muss een am Virfeld en digitaalt Dokument ausfëllen. Fir Leit am Transit, déi also just duerch Däitschland fueren, gëllen Ausnamen, si brauche keen negatiivt Testresultat.
Wien elo an Däitschland Vakanz maache wëll, soll sech och iwwer méiglech Quarantäne-Bestëmmungen an aner Restriktiounen an den eenzele Bundeslänner informéieren.