ImpfflichtWéi ass et an anere Länner?

Claude Zeimetz
Frankräich huet eng sektoriell Impfflicht am September agefouert, Éisträich geet dogéint de Wee vun der allgemenger Impfflicht. Hei e klengen Iwwerbléck.

D’Spidolsfederatioun an den Daachverband vun de Prestatairë vun den Alters- a Fleegeheemer Copas schwätzt sech fir eng sektoriell an de Cercle vun den Anästhesisten a Reanimateure fir eng generell Impfflicht aus. Iwwerdeems huet d’Regierung bis ewell an där Fro nach net tranchéiert. Dat géif een am Januar kucken, sot de Premier Xavier Bettel viru Kuerzem. Aner Länner sinn do scho méi wäit.

Hei e puer Beispiller:

Éisträich ass dat éischt europäescht Land, dat viraussiichtlech vu Februar un op de Wee vun enger allgemenger Impfflicht geet. An zwar vu 14 Joer u fir jiddereen, deen an Éisträich wunnt, ausser Persounen, déi aus medezinesche Grënn sech net kënnen impfe loossen. Déi éisträichesch Impfflicht géint de Coronavirus soll am Prinzip bis de Januar 2024 a Kraaft bleiwen. Leit, déi sech net drun halen, musse mat enger héijer Geldstrof vu bis zu 3.600 Euro rechnen. D’Regierung huet all 3 Méint sougenannt “Impfstéchdeeg” geplangt, op deene kontrolléiert gëtt, ob ee sech an den zentralen Impf-Regëster agedroen huet oder net. Touristen, déi net geimpft an net geheelt sinn, kommen den Ament de facto och net ran.

Éisträich war mat der Annonce vun der genereller Impfflicht géint Covid Virreider an Europa. Just a Länner wéi zum Beispill dem Tadschikistan, Turkmenistan, Mikronesien an Neikaledonien gouf et bis ewell eng Impfflicht géint Corona. A Costa Rica ass iwwerdeems eng Covidimpfung fir all Kanner a Jugendlecher zanter November virgeschriwwen. Am Februar hat d’Annonce vun enger Impfflicht fir déi 5.000 Mataarbechter am Kierchestaat Vatikan schonn eng hefteg Debatt ausgeléist. Mataarbechter, déi sech net wéilten impfe loossen, gouf souguer domadder gedreet, datt se entlooss géife ginn. Verschidde Membere vun der Schwäizer Garde kruten dat um eegene Leif ze spieren. Allgemeng gëllt am Vatikan 3G. Déi griichesch Regierung hat Enn November eng Impfflicht fir jiddereen iwwer 60 Joer op de Wee bruecht. Bis de 16. Januar missten d’Awunner an deem Alter e Rendez-vous fir eng éischt Impfung huelen. Wie sech net impfe léisst, muss vum hallwe Januar un all Mount eng Astreinte vun 100 Euro bezuelen. Zanter September ass d’Covidimpfung a Griicheland scho fir d’Fleegepersonal an d’Mataarbechter am Santésberäich a Kraaft. Och eng ganz Rei Länner si schonn op de Wee vu sektoriellen Impfflichte gaangen. An den USA hat de President Biden scho méi laang eng Impfflicht och am Privatsecteur annoncéiert. Plainten haten de Plang vum President allerdéngs no hanne geworf.

An Italien mussen zanter November nieft dem Santéspersonal och Polizisten, Schoulpersonal an d’Arméi geimpft sinn, fir laanscht eng Geldbouss vu 600 bis 1.500 Euro ze kommen.

Frankräich hat eng Impfflicht Mëtt September schonn a kritesche Secteure wéi der Santé an ënnert anerem bei de Pompjeeën agefouert. Duerch d’Annonce waren d’Impfungen am Hexagon iwwert de Summer däitlech an d’Luucht gaangen.

Antëscht gouf och ënnert anerem an Däitschland, der Belsch a Groussbritannien eng sektoriell Impfflicht fir d’Santéspersonal op de Wee bruecht, déi dat anert Joer agefouert soll ginn. Bei eise belschen Noperen ass donieft fir Mëtt Januar en Debat iwwert eng generaliséiert Impfflicht am Parlament geplangt. De Premier Alexander de Croo huet sech rezent an der Press derfir ausgeschwat an huet domadder seng initial Meenung geännert. Et misst ee jiddereen impfen. A wann eng Impfflicht dozou géif bäidroen, da wier hie prett dat z’envisagéieren, sou den De Croo. Änlech Téin waren antëscht jo och vun eisem Premier ze héieren.

Xavier Bettel wëll Impfflicht-Debat ufanks Januar

De Staatsminister huet dës Woch e Courrier un d’Chamber adresséiert, fir datt d’Parlament Uganks Januar eng Consultatiounsdebatt iwwert eng sektoriell oder universal Impfflicht organiséiert. D’Regierung wéilt op Basis vun deem Debat e Gesetzprojet ausschaffen, fir eng legal Basis fir eng Impfflicht zu Lëtzebuerg anzeféieren.

Liest hei de ganzen Artikel.

Back to Top
CIM LOGO