Destinatioun 2050Wéini kënnt dann den E-Fliger?

RTL Lëtzebuerg
Fléien a Klimaschutz passt net zesummen, nach net. Well dat kéint sech séier änneren, wann déi éischt Elektrofligeren an den Asaz kommen.
Wéini kënnt dann den E-Fliger?
Den Drock op d’Fligerindustrie, CO2-Emissiounen erofzedrécken, hëlt zou. Nieft de Konsequenzen vun der Pandemie ass dëst eng vun de gréissten Erausfuerderungen.

Weltwäit fuersche Betriber mat Héichdrock dorunner, dat Fligeren an Zukunft elektresch ugedriwwen kenne ginn. Dowéinst wëll zum Beispill de Fligerkonstrukteur Airbus spéitstens 2035 Fligeren mat Null Emissiounen op de Marché bréngen. Donieft, huet déi europäesche Aviatioun en Plang ausgeschafft fir d’CO2-Emissiounen weltwäit nach méi ze reduzéieren.

Den Drock op d’Fligerindustrie, CO2-Emissiounen erofzedrécken, hëlt zou. Nieft de Konsequenzen vun der Corona-Pandemie ass dëst eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d’Konstrukteuren. Dowéinst hat den europäeschen Aviatiounssekteur een Plang ausgeschafft fir bis 2050 null CO2-Emissiounen z’areechen. Et ass een awer vun der Industrie ofhängeg.

Weltwäit schaffe Fligerkonstrukteure ewéi zum Beispill Airbus, un der Entwécklung vun elektresch ugedriwwenen Fligeren. Bei Airbus heescht et, bis 2035 kéint ee mat elektresch ugedriwwenen Fligeren op Kuerzstrecke rechnen. Esou kéinten da gutt 100 Passagéier transportéiert ginn. Zejoert hat Airbus 3 Konzept-Fligere presentéiert, déi mat Waasserstoff solle bedriwwe ginn.

Virun allem d’Entwécklung vun der Batterie ass ee kritesche Punkt bei engem E-Fliger. Batterie sinn aktuell nach däitlech méi schwéier ewéi Kerosin. Donieft brauche se méi Plaz. D’Industrie géif an deem Beräich grouss Fortschrëtter maachen.

D’Experten si sech dann och eens. Een E-Fliger eegent sech virun allem fir kuerz Strecken, déi manner ewéi 800 Kilometer laang sinn.

Back to Top
CIM LOGO