
Well d’Delta-Variant sech och a Groussbritannien ëmmer méi séier verbreet, hunn déi brittesch Gesondheetsautoritéiten all schwanger Fraen opgeruff, sech impfen ze loossen.
Eng nei Etüd vun der Universitéit Oxford géing nämlech weisen, dass de Risiko fir schwéier krank ze ginn, bei net geimpfte schwangere Fraen däitlech méi héich wär. Zanter dass d’Delta-Variant am Mee op der Insel opgedaucht ass, wären däitlech méi schwanger Frae mat schwéieren Infektiounen an d’Spidol komm. All 10. hätt missen intensiv-medezinesch behandelt ginn.