Earth HourWeltwäit goufen um Samschdeg den Owend 20.30 Auer d'Luuchten ausgemaach

RTL Lëtzebuerg
Ronderëm d'Welt sinn e Samschdeg fir déi 15. Kéier am Kader vun der sougenannter Earth Hour d'Luuchten ausgemaach ginn.
© AFP

D’Leit, déi sech bedeelege wollten, waren opgeruff um 20.30 Auer Lokalzäit eng Stonn laang d’Luucht auszemaachen a sou en Zeechen fir de Klima- an Ëmweltschutz ze setzen.

Dës Kéier goufen nämlech och all d’Privatstéit opgefuerdert, matzemaachen an d’Aktioun vum WWF per Foto oder Video ze dokumentéieren an dës mam Hashtag #EarthHour op de soziale Reseauen ze verëffentlechen.

Och berüümte Gebaier, wéi den Eiffeltuerm, d’Christus-Statu zu Rio an de Kölner Doum hu mat Amenter hir Beliichtung ausgeknipst.

Ugefaangen huet d’Aktioun vun der Ëmweltorganisatioun WWF an der australescher Metropol Sydney, wou d’Oper fir eng Stonn laang onbeliicht war. Se soll op d’Bedeitung vum Klima- an Aarteschutz opmierksam maachen.

Back to Top
CIM LOGO