Biontech/PfizerWierkung vun Impfstoff gëtt bei schwangere Fraen ënnersicht

RTL Lëtzebuerg
D'US-Pharmaentreprise Pfizer a säi Mainzer Partner Biontech hunn eng klinesch Studie gestart, fir hire Vaccin bei schwangere Fraen ze testen.

Bei der Phas-2/3-Studie wäerte ronn 4.000 schwanger Fraen ënnert anerem an den USA, Groussbritannien, Spuenien, Brasilien a Südafrika geimpft ginn, dat hunn d’Pharmaentreprisen en Donneschdeg matgedeelt. Éischt Participanteë si schonn an den USA geimpft ginn.

Et wär un der Zäit, fir “deen nächste Schratt ze goen an eise klinesche Programm op eng weider vulnerabel Bevëlkerungsgrupp wéi schwanger Fraen ze erweideren”, sou den Özlem Türeci vu Biontech. “Schwanger Fraen hätten ee méi en héije Risiko fir Komplikatiounen an e schwéiere Covid-19-Verlaf”, sou de William Gruber vu Pfizer.

“Et ass dofir wichteg, datt mir ee sécheren an effektive Covid-19-Impfstoff fir dës Bevëlkerungsgrupp entwéckelen.” D’Participanteë vun der Etüd sinn den Informatioune vun den Entreprisen no op d’mannst 18 Joer al a géifen an der 24. bis 34. Schwangerschaftswoch geimpft ginn. D’Studie soll och d’Sécherheet vun de Kanner vun de schwangere Fraen ënnersichen, wéi och d’Iwwerdroung vu potenziell schützenden Antikierper op den Nowuess.

Back to Top
CIM LOGO