
Beim éischte Prozess fuerderen de Jong an d’Wittfra vun engem Éisträicher, deen no enger Corona-Infektioun gestuerwen ass, 100.000 Euro Schuedenersatz vun der Republik. Dat deelt de Konsumenteschutz VSV mat, deen d’Famill vertrëtt.
Bei der Sëtzung vu ronn 2 Stonne virum “Landgericht für Zivilrechtssachen” zu Wien soll och gekläert ginn, ob et eventuell och zu enger anerer Eenegung, engem “Verglach” komme kéint. 12 weider Prozesser sollen an den Deeg nom 17. September suivéieren.
D’Affer geheien den Autoritéite vir, ze spéit virum Virus gewarnt ze hunn an ze laang gewaart ze hunn, fir de Schi-Betrib zouzemaachen. Ischgl ass jo virun allem fir seng Partyzeen bekannt a gëllt als ee vun den Hotspotte fir d’Verbreede vum Virus an der éischter Well am Mäerz 2020. De Staat Éisträich bestreit e falscht Verhalen.
Am éischte Fall ginn d’Affer dovunner aus, dass sech den 72 Joer ale Journalist wärend der chaotescher Rees aus dem Dall eraus am Bus a Richtung Gare ugestach huet. Deemools war den Dall jo den 13. Mäerz 2020 offiziell iwwerraschend isoléiert ginn. Doduerch hu vill Touriste probéiert, d’Regioun ze verloossen. D’Ëmstänn hätten de Leit no, déi d’Plainte deposéiert hunn, dozou gefouert, dass sech de Virus an Deeler vun Europa esou ausbreede konnt.
Dobäi komme ronn 100 weider Kloe géint d’Republik Éisträich, déi dem VSV no a Preparatioun wieren. Eng onofhängeg Kommissioun vun Experten huet an der Tëschenzäit konstatéiert, dass et beim Krisemanagement vun der Regierung zu Feeler a falsch Aschätzunge komm ass.
