Ukrain-KrichZanter engem Mount attackéiere russesch Truppen d’Ukrain

Claude Zeimetz
D’Suitten dovunner sinn enorm. 3,6 Millioune Mënschen hu schonn d’Ukrain verlooss, gréisstendeels Fraen a Kanner.
Ee Mount Krich an der Ukrain
3,6 Millioune Mënschen hu schonn d’Ukrain verlooss, gréisstendeels Fraen a Kanner.

Ee Mount Krich an der Ukrain / Reportage Claude Zeimetz

Zanter dem Ufank vum Krich viru 4 Wochen hunn d’Ukrainer méi wéi 1.800 russesch Loftattacken op Kiew gezielt. Honnerte Rakéite wieren donieft op aner Ziler geschoss ginn. A verschiddene Regiounen hätten d’Russen hir Offensiv ofgebrach. Bei Charkiw géif et den Ament keng Beweegung. En Donneschdeg gouf iwwerdeems Artilleriebeschoss zu Irpin bei Kiew gemellt. Haiser hätte gebrannt. Dosende Leit wiere fortgelaf, sou AFP-Journalisten op der Plaz. Dem Buergermeeschter vu Kiew Vitali Klitschko no wier awer bal ganz Irpin an den Hänn vun den ukraineschen Zaldoten.

D’Zoustänn an der Hafestad Mariupol, wou nach ronn 100.000 Mënsche festsëtze géifen, bleiwe weider dramatesch. Awunner, déi fortlafe konnten, soen, et géifen honnerte Läichen an der Strooss leien, hir Stad géif et net méi ginn. Mariupol bleift vun der Aussewelt, vun all Versuergung ofgeschloss. Wéi et heescht, misste Patienten am gréisste Spidol vun der Stad bei Käerzeliicht behandelt ginn, fir Stroum ze spueren.

Russland gi Krichsverbrieche reprochéiert. D’Arméi huet Spideeler attackéiert grad wéi Flüchtlingscouloiren. Virwërf, déi vun onofhängeger Säit iwwerpréift musse ginn. D’USA hunn uginn, Beweiser ze sammelen.

Wéi et vun der ukrainescher Arméi heescht, hätten déi russesch Truppen enorm Approvisionnementsproblemer a géif Camionen a Maschinnen vu Privatleit a Bauere beschlagnamen. Wéi vill russesch Zaldoten zanter dem Ufank vun der Invasioun ëmkomm sinn, doriwwer ginn d’Zuele wäit auserneen. D’Ukrainer schwätze vu bal 16.000 Persounen. D’NATO vun 3.000 bis 10.000 Affer an de Kreml vu 498. Sécher ass, honnerte vu Läiche bleiwen den Ament einfach do leien, wou se gefall sinn, wéi CNN en Donneschdeg gemellt huet.

D’Unicef seet méi wéi d’Hallschent vun alle Kanner an der Ukrain wieren antëscht fortgelaf. 4,3 Milliounen. Méi wéi 10 Millioune Leit hunn hiert Doheem verlooss. Ronn een Drëttel ass an d’Ausland fortgelaf. Déi meescht a Polen.

Am Ganze si 6,5 Millioune Leit bannent dem Land op der Flucht an 13 Millioune Mënsche brauchen humanitär Hëllef.

Opruff zu Protester

Den ukrainesche President Selenskyj huet d’Mënschen op der ganzer Welt derzou opgeruff, en Donneschdeg – 4 Wochen nom Ufank vum Krich – ëffentlech ze protestéieren. Et wär net nëmmen e Krich géint d’Ukrain, mä Russland géif d’Fräiheet vun alle Mënschen an Europa an an der Welt attackéieren. De Selenskyj huet sech och op Russesch un déi russesch Bierger adresséiert.

Et ass e Krich fir d’Onofhängegkeet an dee musse mer gewannen, sou de Selenskyj. D’Ukrain géif sou laang kämpfe wéi néideg. Wéi laang dat ass, dat kann haut kee soen. Fakt ass, de Kreml hat sech dat ganzt anescht virgestallt. Duerch den ukrainesche Widderstand ass déi russesch Arméi ze lescht op méi Plazen am Land gestoppt ginn. Kiew no konnt d’Invasioun ëm d’Haaptstad souguer zeréckgedréckt ginn.

Sommet-Marathon zu Bréissel

Et war EU-Sommet, d’NATO koum beieneen an d’G7. Thematiséiert gouf natierlech de Krich an der Ukrain. Och den amerikanesche President Joe Biden war derbäi, hien ass e Mëttwoch den Owend zu Bréissel ukomm. Den ukrainesche President Selenskyj gouf per Video bäigeschalt.

Zil vum Westen ass et, Eenegkeet géintiwwer Russland ze weisen. Nei Sanktioune stoungen zur Debatt. D’NATO wëll weider net militäresch agräifen. D’Truppen an den ëstleche Memberlänner sollen awer verstäerkt ginn.

Hei den Detail noliesen.

Méi Waffe fir d’Ukrain

D’Ukrain ka mat weiderer Ënnerstëtzung fir hir Arméi aus Europa rechnen. D’EU-Staaten hunn e Mëttwoch engem weidere Pak vun enger hallwer Milliard Euro zougestëmmt, mat deem Waffe wäerte geschéckt ginn.

Däitschland beispillsweis liwwert 2.000 Panzerfäischt, Schweden 5.000 Panzer-Ofwierrakéiten.

An och Groussbritannien bedeelegt sech mat e puer Dausend Rakéiten a wëll mam BBC World Service och géint d’Desinformatioun an der Ukrain an a Russland virgoen.

UNO-Vollversammlung fuerdert direkt Enn vu russescher Invasioun

D’UNO-Vollversammlung huet um Donneschdeg eng Resolutioun mat däitlecher Majoritéit ugeholl, an där en direkt Enn vum Krich an der Ukrain gefuerdert gëtt. All Attacke géint Zivilisten an zivil Ziler missten ophalen, Waffestëllstand gëllen an nees verhandelt ginn.

Iwwerdeems schafft de sougenannte Westen un neie Sanktioune géint Russland. G7 an EU wéilte verhënneren, datt déi russesch Zentralbank international Reserve benotzt, fir déi russesch Ekonomie z’ënnerstëtzen. D’amerikanesch Regierung huet nei Sanktioune géint honnerte vun Deputéierte vun der Duma decidéiert. Donieft solle russesch Rüstungsfirmen op d’Sanktiounslëscht gesat ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO