
De Pablo Hernandez de Cos soll, Medieberichter no, den neie Chef vun der Europäescher Zentralbank ginn.
Hien trëtt domat d'Nofolleg vun der aktueller EZB-Cheffin Christine Lagarde un, déi de 7. Februar fréizäiteg vun hirem Posten zrécktrëtt.
De Spuenier de Cos ass Chef vun der Bank for International Settlements a fréiere President vun der spuenescher Zentralbank.