
D'Leit géinge Schutz virun enger Feierfront mat bis zu zéng Meter héije Flame sichen, esou de Chef-adjoint vun de lokale Pompjeeën am Norde vun Tasmanien, Steve Richardson en Donneschdeg. D'Wieder hätt et an deene leschten Deeg "ze geféierlech" gemaach, fir d'Feier um Buedem ze bekämpfen. Dowéinst wiere sechs Helikopteren am Asaz, fir de Brand aus der Loft anzedämmen.
Op Biller a Videoen, déi vun de Pompjeeën an dem Sender ABC publizéiert goufen, ass décken Damp iwwert der Insel Flinders Island ze gesinn. "Dëst wäert net dee gréisste Brand sinn, dee si op der Insel erlieft hunn, mee ee vun de bedeitendsten", esou de Richardson weider virun der Press.
Flinders Island läit eppes méi wéi 50 Kilomter nordëstlech virun Tasmanien a bal 150 Kilometer vum australesche Festland fort.
Australien ass reegelméisseg vu schwéiere Bëschbränn betraff. Besonnesch uerg waren d'Bränn vum sougenannte "Black Summer" (lëtzebuergesch: Schwaarze Summer) Enn 2019 an Ufank 2020, duerch déi Milliounen Hektar Terrain an dausenden Haiser zerstéiert goufen.
Wëssenschaftler no huet dee vu Mënsche verursaachte Klimawandel déi extreem Konditioune fir esou Bränn bal duebel sou warscheinlech gemaach. D'Autoritéite warnen iwwerdeems, datt de Klimaphenomen "El Niño" déi nächst Feier-Saison nach méi intensiv ausfale loosse kéint.