
Se géif awer an déi richteg Richtung goen, op d'mannst wat de Volume vun deem Budget ugeet. Dat sot de Luc Frieden bei senger Arrivée um Spezialsommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel. Mat senger eegener Propos huet de President vum Conseil eng däitlech Kierzung vu gutt 180 Milliarden Euro virgesinn. D'Europäesch Unioun hätt dann nach knapps 1,6 Billioune fir tëscht 2028 an 2034 auszeginn. Well d'EU an Innovatioun a Kompetitivitéit investéiere wëll, ouni d'Landwirtschaft an dat Soziaalt ze vernoléissegen, kann de Lëtzebuerger Premier domat liewen. Net awer mat potenziellen neie Steieren op EU-Niveau:
"D'Lëtzebuerger Regierung ass net fir zousätzlech Steieren. Mir sinn ugetrueden, fir d'Steiere fir d'Leit a fir d'Betriber ze reduzéieren. Da féieren ech net erëm um europäesche Plang eng nei Steier an. Duerfir begréisse mir, dass déi Steier, déi een Ament envisagéiert war op den Entreprisen, ewechfält an dëser Propositioun. Mee, wéi gesot, mir si wäit ewech vun engem Accord. Haut gëtt e laangen a schwéieren Dag, wou mir musse mam President Costa a mat deenen anere Länner diskutéieren. Ech sinn net sécher, ob mir en Accord haut fannen. Ech mengen éischter, dass nach vill Gespréicher noutwendeg sinn, och mat Lëtzebuerg."
Virun allem och wat nei Modalitéite vun der Tubakssteier ugeet. Lëtzebuerg misst eventuell an den nächste Jore méi vun den nationale Steierrecetten op Tubaksproduiten un d'EU ofginn. Do gesäit d'CSV-DP-Regierung awer nach Klärungsbedarf. Do ënnerscheet Lëtzebuerg also net vun den anere 26 Memberstaaten, déi alleguer zu Bréissel och hir national Interesse verdeedegen. Op en Neits ass also mat zéien Diskussiounen iwwer de pluriannuellen EU-Budget ze rechnen.